Méi wéi néng Joer nom Doud vum brittesche Popmusiker David Bowie ass bekannt ginn, dass hien bis zu sengem Enn un engem bis elo onbekannte Musical geschafft huet.

Wéi d’BBC e Freideg gemellt huet, dréint sech dat onvollstännegt Wierk ëm London am 18. Joerhonnert. Eréischt bei der Archivéierung vum Bowie sengem Gesamtwierk gouf entdeckt, dass an engem zougespaarte Raum an sengem Büro zu New York d’Mauere voll mat Ziedelen iwwer dëst Musical bedeckt waren.

D’Wierk mam Titel „The Spectator“ weist dem Bowie seng Faszinatioun fir Konscht a Satir zu London vum 18. Joerhonnert, esou d’BBC. Inspiréiert gouf d’Stéck vun deemools bekannte Kriminellen, dorënner den berüchtegten Déif  „Honest“ Jack Sheppard.

D’Notizen iwwert de Musical ginn elo zesumme mat aneren Exponater aus dem Bowie senger Ierfschaft an enger neier Sektioun vum "Victoria and Albert Museum" zu London gewisen. Den David Bowie Centre for the Study of Performing Art, mat iwwer 90.000 Ausstellungsstécker, mécht den 13. September seng Diere fir de Public op.

Nieft den Ziedlen, ginn do ënner anerem 414 Kostümer an Accessoiren, déi den David Bowie am Gebrauch hat, ausgestallt, souwéi bal 150 Museksinstrumenter, Notizzen, Bicher, Liddertexter an net-ëmgesate Projeten.

Den David Bowie, onëmstridden ee vun den aflossräichste Museker vum 20. Joerhonnert, ass 2016 am Alter vu 69 Joer un de Suitte vu Kriibs gestuerwen.