En Donneschdeg an e Freideg war d’Reunioun vun de Staatscheffen vun den däitschsproochege Länner an der Schwäiz.

Genee ee Mount virum Trounwiessel war et de leschten offiziellen Deplacement vum Grand-Duc Henri an d’Ausland. D’Entrevuen waren zu Bad Ragaz an zu St Gallen.

Nieft der Schwäizer Presidentin Karin Keller-Sutter waren ënnert anerem och den däitsche President Steinmeier, den éisträichesche Bundespresident Van der Bellen an de Belsche Kinnek an d’Schwäiz gereest. Natierlech krut de Grand-Duc Henri vun de Presidenten fir déi laangjäreg exzellent Kooperatioun Merci gesot.

Et waren deemno emouvant Amenter fir de Staatschef, deen an engem Mount vun senge Funktioune wäert ofdanken: “Ech krut esou vill léif Wieder vun all de verschiddene Staatscheffen. Si hu mir souguer e klenge Kaddo ginn, wat ganz léif ass. Et ass een e wéineg opgereegt, et ass ganz vill Emotioun dobäi fir déi lescht Rees an der Schwäiz ze maachen – speziell an der Schwäiz, well ech ganz vill Relatiounen hunn. D’Grande-Duchesse war jo eng Schwäizerin, ech hu meng Studien an der Schwäiz gemaach, ech ginn an d’Schwäiz Schi fueren. Ech kennen d’Schwäiz ganz gutt an et ass wonnerbar hei de Schluss ze maachen.”

D’nächst Joer vertrëtt dann de Prënz Guillaume als Staatschef de Grand-Duché beim Sechser-Treffen. Hie wier gutt preparéiert a wäert dat wonnerbar maachen, verséchert de Grand-Duc Henri.