Den nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un huet seng Duechter, déi am Teenageralter ass, mat op d'Militärparad a China geholl.

De chineesesche Staatspresident Xi Jinping huet den 3. September op Beijing fir d'Militärparad zum Enn vum Zweete Weltkrich agelueden. Nieft dem "Triumvirat" vum russesche President Putin, dem chineesesche Staatschef Xi an dem nordkoreaneschen Autokrat, déi als Éieregäscht ageluede waren, huet och eng aner Persoun déi international Medien an d'Experten iwwerrascht. De Kim Jong Un hat seng Duechter matbruecht op Beijing.

Vill ass net gewosst iwwert dem Kim säi Meedchen. Offiziell huet Nordkorea weder en Numm, nach ee Gebuertsjoer bestätegt. Déi éischte Kéier hat de fréiere Profi-Basketballspiller Dennis Rodman ëffentlech vum Kim Jong Un sengem Meedche geschwat. De Rodman, dee ronn eng hallef Dose Mol an Nordkorea war an den Diktator als säi Kolleeg bezeechent, sot 2013, dass de Kim him seng Fra a seng Duechter virgestallt hätt. D'Informatioun iwwert den Numm vum Meedche Ju Ae kënnt och vum Rodman. De südkoreanesche Geheimdéngscht (NIS) geet dovun aus, dass d'Ju Ae 2013 op d'Welt komm ass.

D'Meedchen, dat vun den nordkoreanesche Staatsmedien net beim Numm genannt gëtt, gëllt ënner Experten als Nofollgerin vum Kim Jong Un. De Lim Eul-Chul, Direkter vum Zentrum fir Fernoststudien op der Kyungnam University a Südkorea, erkläert, dass et sech bei der Rees an China ëm "keng einfach Familljerees, mee a Wierklechkeet ëm een Optrëtt als Nofollgerin" handelt. Och den NIS geet zanter 2024 dovun aus, dass d'Kim Ju Ae aktuell als Nofollgerin opgebaut gëtt.

D'Ju Ae op säin éischt internationaalt, multilateraalt Event matzehuelen, kéint dem Yang Moo-Jin, fréiere President vun der Universitéit fir Nordkoreastudien zu Seoul, no "de leschte Schrëtt zur Successioun" sinn. De Lin Eul-Chul erkläert weider, dass en an der Vergaangenheet scho gesinn huet, dass "d'Ierwen hire Status doduerch sécheren, an deem si a China reesen oder un internationale Veranstaltungen deelhuelen, fir Legitimitéit vun de sozialistesche Muechten ze kréien."

Mat senger Fra, der fréierer Sängerin Ri Sol-Ju, mat där de Kim zanter 2009 bestuet ass, soll den Autokrat dräi Kanner hunn, wéi den NIS 2017 an engem Rapport schreift. 2010 soll e Jong gebuer gi sinn, e Meedchen, bei deem een dovun ausgeet, dass et sech ëm d'Ju Ae handelt, wier 2013 op d'Welt komm, an e Kand, vun deem d'Geschlecht net bekannt ass, wier 2017 gebuer ginn.

Sollt d'Kim Ju Ae wierklech dem Kim Jong Un seng Nofollgerin ginn, da wär si déi éischt Fra un der Spëtzt vun der Demokratescher Volleksrepublik Nordkorea zanter der Grënnung 1948. Nëmmen dräi Staatscheffen kann de Staat a sengen 78 Joer virweisen: de Kim Il Sung, Grënner vun der Diktatur, de Kim Jong Il, Papp vum Kim Jong Un, deen den aktuellen Herrscher ass.

"Normalerweis muss een iwwer 20 Joer al sinn an een offiziellen Titel droen, fir als Nofollger ernannt ze ginn", erkläert de Moo-Jin. "Well d'Ju Ae nach sou jonk ass, kann hatt nach keng offiziell Positioun besetzen. Mee well onerwaart Entwécklungen heefeg sinn an Nordkorea, kann een net ausschléissen, dass hatt um Parteikongress den 9. Januar d'nächst Joer offiziell zur Nofollgerin ernannt wäert ginn."