De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

5 Spiller blesséiert

D'Lëtzebuerger U21-Futtballationalekipp war en Donneschdeg den Owend an en uergen Accident verwéckelt, wéi hire Bus ëmgekippt war. Wéi d'FLF matdeelt, hat de Chauffer vum Bus e Malaise. Aacht Leit wiere beim Tëschefall blesséiert ginn, dorënner fënnef Spiller. Kee vun hinnen awer schwéier verwonnt.

Première mësslongen

Direkt déi éischt Partie vum neie Futtballnationaltrainer Jeff Strasser war e WM-Qualifikatiounsmatch. Virun eegener Kuliss huet de fréiere Profi vu Kaiserslautern a Gladbach missten nokucken, wéi d'Rout Léiwe kloer 1:3 géint Nordirland verluer hunn. Positiv um Resultat ass just de Bléck op d'Tabell. Do steet d'FLF-Formatioun nämlech knapp virun Däitschland.

Déidlechsten Accident zanter 36 Joer

Tëscht Feelen an der Fuussekaul hate sech e Méindeg den Owend eng Camionnette an an Auto ze pake kritt. 5 Persoune, déi an den zwee Gefierer verbrannt sinn, sollten dësen uergen Accident op der N15 net iwwerliewen. Déi leschte Kéier, datt zu Lëtzebuerg esou vill Leit bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koumen, war an den 80er Joren. Och fir de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder war dëst eng "exzeptionell schlëmmen Accident".

"Kee ganzen Accord"

Dës Woch war déi Drëtt Sozialronn an obwuel nach keen Accord steet, weist sech d'Regierung zefridden, well een op verschiddene Punkte virukoum. Kritik gëtt et vun den anere Partner: D'Patronat hätt sech méi laangfristeg Léisunge gewënscht an d'Gewerkschafte hunn eegenen Aussoen no de soziale Réckschrëtt verhënnert. Kritik gouf et awer och vun der Oppositioun, déi sech wéineg zefridde weise mam Ausgang vun der drëtter Sozialronn.

16 Doudeger bei Ongléck zu Lissabon

De beléiften "Elevador da Glória" war e Mëttwoch den Owend verongléckt. 16 Leit hunn dësen Accident net iwwerlieft, eng 20 Persoune goufe schwéier blesséiert. De Lëtzebuerger Ausseministère huet confirméiert, datt kee Resident ënnert den Affer a Blesséierte wier. Eng Lëtzebuergerin, déi zum Ament zu Lissabon war, huet gesot, datt een déi ganzen Zäit iwwer Sireenen héieren huet, ouni awer direkt ze wëssen, wat lass war. Mam Funiculaire um Kierchbierg hu mer hei am Land jo och en änleche System. Ma datt et zu esou engem Accident do komme kéint, gesinn d'CFL net, well hei aner Sécherheetsmesuren am Asaz sinn.

Obligatioun un Enquête vum Statec deelzehuelen

Wie vum Statec ageluede gëtt, un enger Ëmfro deelzehuelen, muss dëser Aluedung och nokommen. Dat ass gesetzlech esou festgehalen. Wien d'Delaien net anhält, muss am schlëmmste Fall mat enger Plainte an enger Geldstrof vu bis zu 2.500 Euro rechnen. Wann déi da bezuelt ass, muss een d'Froe vum nationale Statistikamt trotzdeem beäntweren.

Schued vu groussem historesch Wäert

Zu Tréier hunn Onbekannter eng Skulptur aus der Renaissancezäit gekäppt an de Kapp matgeholl. Eng Enquête soll elo erausfannen, ob et en Déifstall oder Vandalismus war.

"Mir ginn dohinner"

Den US-President Donald Trump huet annoncéiert, datt hien d'Nationalgard och an d'Stad Chicago géif schécken. Aus der Stad selwer wéi och vum Bundesstaat Illinois kënnt awer staarke Géigewand géint déi Decisioun. D'Nationalgard gouf schonn op Los Angeles a Washington DC geschéckt, béid Stied hunn dogéint geklot.