Berichter no soll den US-President e Freideg en Dekreet ënnerschreiwen, wouduerch de Verdeedegungsministère zum Krichsministère wäert ginn.

Den US-President Donald Trump wäert de Verdeedegungsministère zum Krichsministère maachen, wéi d'Wäisst Haus annoncéiert huet. Offiziellen Dokumenter no soll den Trump e Freideg en Dekreet ënnerschreiwen, dat d'Benotze vum neien Numm als Zweet-Titel erlabe soll.

Den offiziellen Titel vum Ministère gëtt awer vum Kongress festgeluecht.

Den Trump hat an de leschte Wochen eng Ëmbenennung vum Pentagon, wéi de Ministère wéinst der Form vum Gebai genannt gëtt, dacks ugedeit. Déi aktuell Bezeechnung wier "ze defensiv". Och de Verdeedegungsminister Pete Hegseth hat schonn iwwert d'Ännerung vum Titel geschwat.

Ob aus dem Hegseth dann elo och de Krichsminister wäert ginn, ass net gewosst.