D'Fräihandelsofkommes Ceta steet

No jorelaangen Negociatiounen an laangem hin an hier läit een Accord um Dësch, mat deem béid Säite liewe kéinten.
Dat war um Freideg um Bord vun engem Ministertreffen zu Bréissel gewuer ze ginn. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet nom Treffen vun engem "Accord mixte" geschwat, een Accord, deen nach vum Europaparlament an den nationale Parlamenter muss guttgeheescht ginn.
D'Europäesch Kommissioun wäert elo en Text virleeën, iwwer deen d'europäescht Parlament dann am Hierscht ofstëmme kann. Iwwer dësen Text mussen dann awer och nach 28 national Parlamenter an 10 kanadesch Parlamenter ofstëmmen.
En Avantage wär zum Beispill, dass bei den Industrie-Produkter d'Accisë vu ronn 470 Milliounen Euro d'Joer ofgeschaf ginn.
Lëtzebuerg importéiert méi Wueren aus Kanada, exportéiert awer méi Servicer. Och d'EU-Standarde géingen erhal bleiwen, sou nach den Jean Asselborn.
Et misst een awer ophalen, een Amalgam mam TTIP ze maachen, esou de Jean Asselborn. Hie kéint sech och net virstellen, datt de Ceta vun engem nationale Parlament blockéiert géif ginn.
Um Samschdeg de Moien huet den Ausseminister Jean Asselborn d'aussepolitesch Kommissioun um Krautmaart iwwer déi aktuell Positioun vun de Negociatioune ronderëm de Ceta zu Bréissel informéiert.
Zanter Enn 2008 verhandele Kanada an d'Europäesch Unioun iwwer dëst Fräihandelsofkommes. D'Negociatioune wären elo endlech ofgeschloss. De CETA gëtt den Ament queesch duerch d'Parteie begréisst, ausser vun déi Lénk. De Marc Baum ass besuergt doriwwer, dass d'Lëtzebuerger Regierung dësen Accord an der Form ënnerstëtzt.
An der Regierungskoalitioun wär ee sech awer och net ganz eens iwwer eng definitiv Positioun zum Ceta, kritiséiert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
CSV, d'LSAP, Demokratesch Partei, d'ADR an déi Gréng betounen och alleguer, dass den TTIP mat den USA an de Ceta mat Kanada zwee verschidde puer Schung sinn. An dass de Grand-Duché definitiv och vun dësem Accord wäert profitéieren.
Doriwwer eraus hätt e Freideg zu Bréissel kee vun den 28 Memberstaten e fundamentale Problem mam Ceta geäussert.
Bis de 15. Juni gëtt d'EU-Kommissioun een "avis juridique" zu der Natur vum Ofkommes. Dann dierft och bekannt ginn, ob de Ceta en "accord mixte" gëtt oder net, dat heescht, ob national Parlamenter duerfen e Wuert matschwätzen oder net. Duerno muss de Conseil ënnerschreiwen.
Dann dierft den finaliséierten Text am Hierscht duerch d'Prozeduren am EU-Parlament goen, iert en do kann gestëmmt ginn. Bis dat den definitiven Accord also steet, kann et nach eng gutt Zäitchen daueren.