Taux vu Fraen a Féierungspositiounen ass zu Lëtzebuerg sou héich wéi nach ni
© Photo by FREDERIC CIROU / ALTOPRESS / PHOTOALTO VIA AFP
Allerdéngs sinn an der EU Fraen a Féierungspositiounen ëmmer nach däitlech ënnerrepresentéiert. Op just ronn all drëttem Chefposte sëtzt eng Fra.
46,4% vun de Leit, déi an der Europäescher Unioun schaffen, waren 2024 Fraen, also liicht manner wéi d'Hallschent. Um Niveau vun de Féierungspositioune gesäit dëse Pourcentage awer anescht aus. Nëmme ronn en Drëttel vun de Chefposte si vu Frae besat, ganz genee waren et am Joer 2024 35,2%.
Zu Lëtzebuerg läit den Taux zejoert mat 35,8% eng éischte Kéier liicht iwwert dem EU-Duerchschnëtt an ass domadder och deen héchste Wäert, dee Lëtzebuerg jeemools hat. Eleng de Sprong vum Joer 2023 (hei louch den Taux bei 22,2%) op d'Joer 2024 ass mat engem Plus vun 13,6% enorm. Am Joer 2013 louch de Grand-Duché beispillsweis nach bei nëmme 15,5% a war och Joren dono ëmmer nees reegelméisseg d'Schlussliicht vun der EU-Statistik. Detailer ginn et hei um Site vun Eurostat.
Erhiewunge vun Eurostat fir d'Joer 2024.
An Däitschland beispillsweis gesäit et 2024 net sou roseg aus. D'Land ass mat nëmmen 29,1% vun de Féierungspositiounen, déi vu Frae besat sinn, iwwerraschend wäit hanne placéiert an och ënnert dem EU-Duerchschnëtt. Frankräich ass mat 39,5% relativ gutt placéiert, d'Belsch läit dogéint mat 34,2% ënnert dem Duerchschnëtt.
Spëtzereider ass Schweden, dat mat engem Fraenundeel vu 44,4% op dëse Positiounen. Héich placéiert sinn awer och Lettland (43,4%) a Polen (41,8%). Um Schluss huet sech Zypern positionéiert, mat nëmme 25,3%.