E Sonndeg den Owend ass et am franséischen Duerf Neufchef, net all ze wäit hannert der Lëtzebuerger Grenz, zu enger déidlecher Messerattack komm.

Géint 18.15 Auer war an der Rue de Lièvre ee Jugendlechen am Alter vu 17 Joer vun engem anere Jonke mat engem Messer attackéiert ginn. Hien ass méi spéit u senge Blessure gestuerwen.

Wéi de Républicain Lorrain schreift, wier hie mat engem Kolleeg uneneegeroden, deen dann an engem Gaart no vum Affer sengem Doheem op en agestach hätt. Trotz den Efforte vun de Rettungsekippe konnt de jonke Mann wéinst sengen uerge Blessuren net reaniméiert ginn. E Méindeg huet de Parquet matgedeelt, de Jugendleche hätt zwee Stéch an de Broschtkuerf krut.

De presuméierten Täter, deen neisten Informatiounen no 15 Joer al soll sinn, gouf kuerz nom Tëschefall festgeholl an d'Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet. Eng Autopsie gëtt an deenen nächsten Deeg gemaach.