"Eis Erwaardung ass virun allem, dass Lëtzebuerg pusht"
Déi Lëtzebuerger Jugenddelegéiert hoffen do op konkret Moossnamen amplaz vu schéine Rieden, grad well d'EU nach ëmmer keng kloer Klimaziler bis 2040 huet.
An enger Woch, also den 10. November, geet déi 30. COP zu Belém a Brasilien un. Op der Weltklimakonferenz sollen d’Weiche fir de Schutz vum Klima fir déi nächst Jore gestallt ginn. Eng ganz Partie Jonker wäerten un de Bord vum Amazonas reesen, fir sech auszetauschen, awer och fir mat ze negociéieren.
D’Stad Belém läit am Amazonas-Baseng a wäert fir d’Klimakonferenz 50.000 Visiteuren aus bal 200 Länner empfänken. Well Infrastrukture feelen, gouf et am Virfeld scho vill Kritik. Ma lo gëllt et, dat Bescht doraus ze maachen.
"Ech gi mat ganz vill Hoffnung dohinner. An ech hoffen, dass d’Brasilianer mat hirem Slogan dee 'Mutirãu' ass, also 'zesummekommen', dass dat en Afloss op d'Negociatiounen hëlt. Well d'Brasilianer si vill méi ambitiéis wéi déi Presidence virdrun", betount d’Lara Bertemes, déi als Climate Youth Delegate un den Negociatioune wäert deelhuelen.
Nieft dem Lara Bertemes reesen och siwe Jugendlecher aus véier Lycéeë mat hiren Erwaardungen op d’Klimakonferenz. "D’Iddi ass kloer, dass et eng COP soll sinn, déi och soll jugendfokusséiert sinn. Dat heescht, dass déi Politik an déi Accorden, déi do solle fir d’Zukunft gemaach ginn", mengt de Julien Lemmer Veloso vu Youth4Climate Action.
Hir Aarbecht a Brasilien gesinn déi Jonk besonnesch am Echange mat Leit an hirem Alter an Acteuren aus der Zivilgesellschaft. Zwar si si net bei den Negociatiounen dobäi, déi vun der EU-Kommissioun gefouert ginn, mee hunn awer konkret Iddien:
"Eis Erwaardung ass virun allem, dass Lëtzebuerg pusht. Mir dierfen net roueg sinn, mir dierfen eis net zréckleeën. Mir solle wierklech staark pushen, fir d’Interête vun der Jugend mat eranzehuelen. Fir ze kucken, dass dat 1,5 Grad Zil erreecht gëtt, wat am Paräisser Klimaaccord festgeluecht gouf", seet de Julien Lemmer Veloso, dee schonn déi drëtt Kéier mat op eng COP fiert.
Schliisslech géing d’Zäit lafen. Schonn zejoert goufen déi 1,5 Grad Erhéijung par Rapport zum virindustriellen Niveau am Joresmëttel iwwerschratt. Net fërderlech ass do, dass d'EU nach ëmmer keng gemeinsam Positioun fir d’Klimaziler fir 2040 virgeluecht huet. "Well wa mir ouni Zil dohinner ginn, da geet dat un eis Glafwierdegkeet als Europäer, an da kënne mer och näischt fuerdere vun deenen anere Länner. Dat ass immens wichteg, an ech si frou, dass Lëtzebuerg dat Zil och ënnerstëtzt", betount d’Lara Bertemes.
Och d’Schüler schätzen den Engagement vum Grand-Duché, bleiwen awer skeptesch, wat d’Klimakonferenz ugeet. "Il y a toujours les beaux discours des politiciens, mais en tant que personne et en tant que représentante du Luxembourg et de la jeunesse luxembourgeoise, j’espère voir un peu plus que de belles discussions — des faits réels, et un véritable changement", ënnersträicht d’Leona Kalev vu Youth4Climate Action.
Manifestatioun vun ONGe virun der Chamber
Fir op hir Fuerderungen un d'Politik opmierksam ze maachen, hunn dës Woch dann och Representante vun ONGe virun der Chamber manifestéiert. Dëst am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d’COP.
"D’Regierung ënnerstëtzt den EU-Mercosur-Ofkommes, setzt sech géint den Deforestatiounsreglement an, dat ass inkohärent, wann een op der anerer Säit am Regierungsprogramm de Schutz vun de Bëscher als eng Prioritéit duergestallt huet", fënnt d’Martina Holbach vu Greenpeace.
An och d’Manifestante vun Amnesty International wëllen den Deputéierten hire Message mat op de Wee ginn. "On s’attend aussi à ce que les financements climatiques soient rehaussés, afin que les pays puissent bénéficier d’une certaine justice, notamment ceux qui sont les plus affectés par le changement climatique et qui en sont très peu responsables", seet d’Esmeralda Wirtz vun Amnesty International.
An der Chamber haten iwwerdeems déi Lénk zu der Aktualitéitsstonn geruff. Ënner anerem gouf d'EU-Kommissioun kritiséiert. "Klimapolitik ass fir si just e Klotz um Bee vun der kapitalistescher Verwäertungsmaschinn, déi net méi ronn leeft, an déi elo erëm soll relancéiert ginn, egal wat et kascht", sou den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk. An de Franz Fayot, LSAP-Deputéierte seet: "Déi Verwässerung, an déi Deregulatioun, déi mer hei an Europa maachen, riskéiert eis, eis Roll als Virreider am Klima- an Ëmweltschutz ze kaschten."
Beim Zil, d’Zäregase bis 2040 ëm 90 Prozent par Rapport zu 1990 ze reduzéieren, konnt d’EU sech nach op keng gemeinsam Positioun eenegen. Lëtzebuerg pocht awer op dëst Zil. "Fir ze verhënneren, dass ze vill Konsequenzen op eis duer kommen, déi mer an den nächste Joren net méi gestemmt kréien a wou dann herno musse Milliarden an awer Milliarde méi mussen ausgi ginn, fir dann deene Konsequenzen entgéintzetrieden. Dofir mussen elo déi Decisioune geholl ginn, an déi Investitioune mussen elo gemaach ginn. Mat engem kloren Zil fir 2040. An do huet d'Europäesch Kommissioun bis elo net geliwwert", erkläert den Ëmweltminister Serge Wilmes.
Zréck awer aus der Chamber, bei déi Jonk an de Lycéen, déi eng Urgence spieren. "Si on continue au rythme où on est, surtout dans les pays occidentaux, qui dépensent beaucoup d’énergie et ne font pas vraiment attention à ce qu’ils font, la belle nature qu’on a partout dans le monde, on ne pourra pas la préserver", suergt sech d'Leona Kalev. An dobäi wier et déi schéin Natur, déi si géing uspornen, fir sech weider z’engagéieren.