No engem schwéieren Äerdbiewen am Norde vun Afghanistan ass d'Afferzuel elo weider geklommen.

An de Provënze Samangan a Balch wieren iwwer 20 Persounen ëm d'Liewe komm, sou de Gesondheetsministère vun den Taliban e Méindeg, déi d'Land am Moment regéieren. Dobäi kéime ronn 320 Blesséierter. Et géif sech heibäi awer just ëm eng Tëschebilanz handelen, weider Affer kéinten dobäi kommen.

Korrespondente vun der AFP mellen, dass déi berüümt Blo Moschee an der Stad Masar-i-Scharif duerch d'Biewe beschiedegt gouf. Deeler vum Gebai, virun allem vum Minarett, solle sech geléist hunn a louchen nom Biewen zerstreet um Site vun der Moschee, esou d'AFP. D'Bauwierk mat de ville bloe Plättercher un der Fassad staamt aus dem 15. Joerhonnert an ass eng vun de wéinegen Touristenattraktiounen am Land.

RTL

© Photo by MOHD RASFAN / AFP

D'Biewen hat eng Stäerkt vu 6,3 op der Richterskala a gouf der US-Äerdbiewen-Agence USGS no e Sonndeg den Owend spéit bei der Stad Masar-i-Scharif an enger Déift vu ronn 28 Kilometer ënnert der Äerd declenchéiert. D'Biewe war nach an der Haaptstad Kabul ze spieren, Honnerte Kilometer vun dëser Plaz ewech.

An dëser Regioun kënnt et ëmmer nees zu gréisseren Äerdbiewen. Eréischt Enn August ware bei engem Biewe vun der Stäerkt 6,0 op der Richterskala am Oste vum Land iwwer 2.200 Leit ëm d'Liewe komm. Virun zwee Joer si bei engem Biewen an der Regioun ëm Herat, direkt bei der iranescher Grenz, iwwer 1.500 Leit gestuerwen, méi wéi 63.000 Haiser goufen deemools zerstéiert. Zënter 1900 goufen an der Géigend iwwer 12 Biewe gemooss, déi eng Stäerkt vun iwwer 7,0 haten.

Dobäi kënnt, dass Afghanistan vun engem joerzéngtelaangem Krich gezeechent ass. Am Summer 2021 sinn déi radikalislamesch Taliban nees un d'Muecht komm, dat nodeems déi westlech Arméien d'Land komplett verlooss hunn. D'Vereenten Natiounen an Hëllefsorganisatioune warne virun enger Hongersnout am Land.