E Méindeg de Moie war dem Politiker seng Pensioun an de Bléck op d'ADR Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Ech wollt net sechs Méint oder e Joer virdrun ophalen, well da kritt ee jonke Kärel keng Chance fir sech anzeschaffen." Dat sot den Nach-ADR-Deputéierte Jeff Engelen e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den 19. November leet hie säi Mandat an der Chamber néier an de Michel Lemaire wäert fir hien noréckelen. Et bräicht e bëssen Zäit, fir sech bei de Leit bemierkbar ze maachen an dofir géif hien elo zerécktrieden am Interessi vun der Jugend.

Am Gemengerot zu Wëntger bleift de Jeff Engelen awer weider aktiv, well et him géing Spaass maachen. "Mir hunn och am Gemengerot eng homogeen Ekipp, dat leeft alles wonnerbar an do schaffe mer mateneen, och wa mer mol déi eng oder aner Kéier eng Meenungsverschiddenheet hunn, mee duerno gi mer all zesummen e Patt drénken." 

ADR fréier an haut 

Zanter 1989 ass de Jeff Engelen an der ADR, déi jo als “Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen” gegrënnt gouf. Hie wier schonn 1987 aktiv gewiescht an 1989 ass d'Partei du fir d'éischte Kéier mat an d'Wale gaangen. Deemools wier dat e Sammelsurium vu verschiddene politesche Richtunge gewiescht an dofir hätt een och Schwieregkeete gehat. Mee fir hie wier ëmmer den Team-Geescht ausschlaggebend gewiescht. Pensiounen, Wuesstem an d'Lëtzebuerger Sprooch gehéieren zu de Kär-Sujete vun enger ADR, mee an de leschte Joren ass d'Partei éischter wéinst populisteschen Aussoen opgefall.

Dozou seet de Jeff Engelen, dass hie géing mengen, dass dat dacks vun de Medie géing opgebauscht ginn. Quitt dass effektiv den een oder aner Faux-pas geschitt ass. Dat géing hien och zouginn. Mee "wie mécht kee Faux-pas am Liewen?", sou den Nach-Deputéierten. Bei anere Parteie géif et dat och, mee bei der ADR géing dat ëmmer an d'Vitrinn gestallt ginn. Den Toun wier duerch déi sozial Medien och een anere ginn. Et misst ee seng Wieder haut dräimol ofweien, mee generell gekuckt, géing d'ADR och haut kee Blat virun de Mond huelen an dat soen, wat d'Leit denken, sou de Jeff Engelen.

Den Norde stäerken: manner Servicer zentraliséieren

De Jeff Engelen huet sech als Deputéierten ëmmer fir den Norden agesat. Et hätt sech villes gebessert, mee dat wier och de Leit selwer ze verdanken. An de 70er Jore gouf et een historesche Réckgang vun der Populatioun am Norden. Doropshin hu sech Vereenegungen zum Sproochrouer gemaach an dunn hätte sech d'Gemengen op kantonaler Basis zesummegedoen. Doduerch sinn no an no Aktivitéitszonen, Museksschoulen etc entstanen. An an den 90er Jore wier dunn eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit am Norde komm.

Wichteg fir d'Zukunft wier op alle Fall, dass net alles zentraliséiert gëtt. Den Enregistrement zu Klierf wier einfach op Dikrech geplënnert ginn. Doduerch missten déi zwou Persounen, déi do geschafft hunn, op Dikrech pilgeren an hir 80 Clienten den Dag hannendrun. Dat kéint hien net novollzéien, besonnesch an Zäite vun Digitaliséierung an Teletravail. Et bräicht ee Service no beim Client, sou de Jeff Engelen.

Invité vun der Redaktioun: Jeff Engelen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.