Atomenergie pushen a Lafzäite verlängeren?

E Pabeier vun der EU-Kommissioun gëtt vun deene Grénge ganz schaarf kritiséiert. D'Kommissioun schwätzt vun engem "net definitiven Dokument".
"Méi Atom-Technologie an Europa; verstäerkt an dat Nukleaart investéieren, fir d'Klimaziler ze erreechen; sech asetzen, fir d'Entwécklung fir Mini-Reakteren" - dës Schlagzeilen, gedréckt op Pabeier vun der Bréisseler EU-Kommissioun, suergen zënter en Dënschdeg de Moie fir Opreegung. Déi europäesch Gréng sinn entsat; si kruten de Pabeier an de Grapp a schloen Alarm: D'Dokument, dat de "Spiegel" thematiséiert hat an dat der RTL-Redaktioun och virläit, géing kloer weisen, wéi déi zukünfteg europäesch Atompolitik soll ausgesinn, seet de Claude Turmes; mä de gréngen Europadeputéierte gesäit Lëtzebuerg elo nach méi staark wéi virdru vun den Zentral vu Cattenom an Tihange menacéiert ...
Deem Pabeier sollten d'EU-Memberstaate bei der Fuerschung, dem Finanzement an dem Bau vun neie Reakteren zesummeschaffen.
E Mëttwoch soll dee Papeier vun de Kommissären de Feu-Vert kréien, duerno geet et an d'Europaparlament.
Dem däitschen News-Site Spiegel no soll och den Developpement vun neien Technologie fir Reaktere promovéiert ginn: hei geet et ënner anerem ëm de Bau vu flexibele Mini-Atomreakteren.
Eréischt 2025 sollen d'Stresstester iwwer kontestéiert Installatioune wéi déi zu Tihange an Doel virleien.
Déi europäesch Gréng si natierlech ausser sech, an dat net eleng iwwer déi pro-nuklear Haltung an Europa; den Europadeputéierten Claude Turmes weist drop hinn, dass ganz kloer aus dem Dokument ervirgeet, dass déi al Atomzentralen zwar duerchgecheckt goufen, soss awer näischt dru gemaach ginn ass. De Claude Turmes schwätzt vun enger akuter Sécherheetsgefor fir Lëtzebuerg. D'Mesurë wieren awer guer net ëmgesat ginn. Ganz lapidar geet iwwer Tihange rieds, wou Rësser fonnt goufen, datt ee bis 2025 mol géing kucken, ob dat e Problem wier.
D'Iddi vu Mini-Atomreakteren wier dernieft elo am Zäitalter vum Terrorismus eng komplett Absurditéit.
Engersäits wier dat hei eng Lobby aus Groussbritannien, mä och de Chef vu Microsoft Bill Gates géing massiv an d'Entwécklung vun esou Mini-Atomkraaftwierker investéieren.
Den Ament ginn et iwwregens 131 Atom-Installatiounen an 14 EU-Memberstaaten.
Kommissioun dementéiert, datt en definitiivt Dokument ass
An der Tëscht huet d'Kommissioun dementéiert, dass et sech bei dësem Pabeier ëm en definitiivt Dokument géing handelen; et wier en Diskussiounspabeier iwwer zukünfteg Fuerschungsberäicher, an do géing d'Atomenergie souwisou dozou gehéieren.
Dësen Dementi léisst de Claude Turmes awer net gëllen: et wier dat, wat um héchsten Niveau vun de Beamten an der EU-Kommissioun, virgeschloe géif ...
Weider Detailer zum Thema Mini-Atomreaktere um Mëttwoch de Moien am Journal op Radio Lëtzebuerg.
Schreiwes Déi Gréng
EU-KOMMISSIONPRÄSIDENT JUNCKER – HAMPELMANN DER ATOMLOBBY
Laut Medienberichten will die Juncker-Kommission unter dem Deckmäntelchen der „technologische Vorherrschaft im Nuklearsektor“ unteranderem auf europäische Investitions und Forschungsgelder zurückgreifen, um neue Atomreaktoren entwickeln und bauen zu können.
Anstelle in das Zukunftspotential erneuerbarer Energien zu investieren, die langfristig eine nachhaltige, saubere, günstige und vor allem sichere Alternative zu fossilen Energien darstellen, scheint die EU-Kommission um Jean-Claude Juncker nun unter dem Druck der Atomlobby eingeknickt zu sein.
« Sollten die Medienberichte stimmen, befindet sich die EU-Kommission energiepolitische auf einem gefährlichen Holzweg, der den EU-Bürgern langfristig nicht nur teuer zu stehen kommen wird, sondern sie auch zukünftig dem ständigen Risiko der Atomkraft aussetzt. Zusammen mit unseren europäischen Partnern müssen wir den Druck auf die EU-Kommission und jene Staaten, die weiterhin auf Atomenergie setzen, erhöhen », erklärt Henri Kox, energiepolitischer Sprecher der grünen
Fraktion.
Derselbe Jean-Claude Juncker, der jetzt als EU-Kommissionspräsident weiter in die Atomkraft investieren möchte, erklärte noch 2011 als Premierminister im Rahmen seiner Rede zur Lage der Nation: « Mir wossten ëmmer schon datt d'Nuklearenergie net risikofräi wier.
Elo kann een am Hightech-Land Japan dee sougenannte Reschtrisiko moossen, moossen am richtege Sënn vum Wuert. De Reschtrisiko ass ee Risiko zevill. Dofir musse mer aus der Atomenergie erausklammen. Eng aner Optioun gëtt et net.
[…] Mee wa mer eis, zesumme mat anere Länner, fir den Atomstopp asetzen, a wa mer der Meenung sinn eng Zukunft ouni Atom wier richteg a méiglech, da musse mer zu Bréissel mat derfir suergen datt europäesch Fuerschungsgelder a
Richtung alternativ Energien ëmorientéiert ginn ».
Dazu Ko-Präsident von déi gréng Christian Kmiotek: « Auch die heutigen Hochrisikoschrottmeiler wie Cattenom, Tihange oder Doel wurden damals mit dem Hintergedanken der „technologische Vorherrschaft im Nuklearsektor“ errichtet.
Gerade Juncker, dessen Heimatland von solchen Atomzentralen umgeben ist, sollte es besser wissen und den zukünftigen Generationen eine solche Last ersparen. Aber Juncker scheint nicht nur vor der Atomlobby eingeknickt zu sein, er scheint
auch vergessen zu haben, wo er herkommt ! »