"Gott huet mir d'Liewe geschenkt, mä mir mäi ganzt Gléck geholl"
De Vishwash Kumar Ramesh am Spidol an Indien. / © Narenda Modi Youtube Channel / AFP
Bal fënnef Méint nom Fligerongléck mat 260 Doudege leit den eenzeg Iwwerliewenden nach ëmmer ënner kierperlecher a psychescher Péng.
"Gott huet mir d'Liewe geschenkt, mä mir mäi ganzt Gléck geholl", erzielt de Britt Vishwash Kumar Ramesh brittesche Medien an Interviewen, déi e Méindeg verëffentlecht goufen. Hien hätt bei der Katastroph "alles verluer" an domat all Dag ze kämpfen.
"Ech sinn deen eenzeg Iwwerliewenden. Ech kann et ëmmer nach net gleewen. Et ass e Wonner", sot den 38 Joer ale Ramesh der BBC. Iwwer d'Ongléck ze schwätzen, géing him awer ëmmer nach "immens wéi doen". Hien hätt dauernd Flashbacks a kéint nëmmen dräi oder véier Stonne schlofen. Hien hätt ëmmer nach Péng a géing staark zréckgezu liewen. "Ech sëtzen eleng a menger Kummer, ouni mat menger Fra oder mengem Bouf ze schwätzen", esou de Ramesh weider. Ganz schwéier wier fir hien de Verloscht vu sengem Brudder, dee seng "Stäerkt a säin Een an Alles" gewiescht wier.
Aus sengem Ëmfeld heescht et, datt beim Ramesh eng posttraumatesch Belaaschtungsstéierung diagnostizéiert gi wier, wéi hien an Indien am Spidol war. Zanterdeem hien nees a Groussbritannien ass, hätt hien awer keng medezinesch Behandlung méi kritt. De Ramesh erzielt, datt hien zanter dem Ongléck weder schaffen nach Auto fuere kéint an nëmme mat der Hëllef vu senger Fra lues goe kéint.








De Fliger vun der Fluchgesellschaft Air India war den 12. Juni um Wee op London nom Start iwwer Ahmedabad an Indien erofgefall. Nëmmen de Ramesh, deen zu Leicester a Groussbritannien wunnt, huet d'Ongléck iwwerlieft. 241 Passagéier an 19 Leit um Buedem koumen ëm d'Liewen, dorënner och dem Ramesh säi méi jonke Brudder Ajay.