Mann vun Auto iwwerrannt, nodeems hie sech aus accidentéiertem Gefier gerett hat
© AFP
An der Nuecht op e Sonndeg ass et op der A5 am däitsche Bundesland Hessen zu engem dramateschen Accident komm.
En 49 Joer ale Mann war hei mat sengem Auto vun der Fuerbunn ofkomm an no enger Rei Kontakter mat der Leitplank an eng Bëtongsmauer gerannt. Dem Chauffer war et gelongen, sech aus sengem staark beschiedegte Gefier ze befreien. Kuerz drop war dann awer ee weideren Auto wéinst engem Pneu, deen duerch den Accident op der Autobunn louch, selwer an d'Schleidere geroden an huet dobäi den 49 Joer ale Mann erwëscht, dee grad zréck bei säin Auto lafe wollt.
De Mann ass méi spéit u senge Blessuren am Spidol gestuerwen. Fir d'Klärung vum geneeën Oflaf vum Virfall goufen Experten an den Asaz geruff.