D'Migratioun an den OECD-Länner geet fir eng éischte Kéier zanter dräi Joer liicht zeréck. D'Ufroe fir Asyl erreechen dogéint en neien Héchststand.

Dat geet aus dem neie Migratiounsrapport vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung ervir, deen e Méindeg zu Bréissel presentéiert gouf.

Zejoert goufe 6,2 Milliounen nei Migranten an den 38 OECD-Länner gezielt. D'Hallschent dovu géinge sech op fënnef Länner verdeelen. Ronn 1,42 Milliounen eleng an den USA, op zweeter Plaz steet Däitschland mat gutt enger hallwer Millioun, wat 12 Prozent manner Migrante ware wéi d'Joer virdrun. A Groussbritannien war et souguer e Réckgang vun 41 Prozent. An den USA ass d'Zuel vun den Zouwanderer d'lescht Joer ëm 20 Prozent geklommen.

De ganze Chiffer wier weider "relativ" héich, heescht et am Rapport, ronn 15 Prozent iwwert dem Wäert vun 2019 virun der Corona-Pandemie. De wichtegste Grond wier deemno d'Zuel vu Familljememberen. D'Zuel vun de Migranten, déi wéinst der Aarbecht d'Land wiesselen, ass ëm 21 Prozent zréckgaangen.

Bei de Leit, déi an den OECD-Länner Asyl ugefrot hunn, ass d'Zuel op 3,1 Milliounen Demandë geklommen. Dat entsprécht engem Zouwuess vun 13 Prozent am Verglach zu 2023 a markéiert en neien Héchststand. Aus Venezuela, Kolumbien a Syrien stamen déi meeschten Demandeurs d'asyle.