Bei der Joerhonnert-Katastroph waren deemools méi wéi 220 Leit gestuerwen. Zanterdeem stoung de Regierungschef vun der Regioun massiv an der Kritik.

Regionalpräsident vu Valencia Carlos Mazόn trëtt zeréck

Elo huet de Carlos Mazόn d’Konsequenze gezunn an ass zeréckgetrueden. Hie kéint net méi, sot de President vun der ostspuenescher Regioun e Méindeg op enger Pressekonferenz. Hien hätt Feeler gemaach, déi hie géif unerkennen, an e misst domat fir de Rescht vu sengem Liewe liewen. Hien hätt ëm Verzeiung gefrot, a géif dat haut widderhuelen. Fir hie selwer a seng Famill hätt et Momenter ginn, déi net z’erdroe waren. Onkloer ass, wien elo d’Nofolleg vum Mazόn untrëtt.

Ëmmer nees waren zéngdausende Leit op d’Strooss gaangen, fir dem Politiker säi Récktrëtt ze fuerderen, wéinst dem schlechte Krisemanagement. Ënnert anerem wier d’Bevëlkerung ze spéit gewarnt ginn. Esou hat d’Regionalverwaltung réischt per SMS gewarnt, wéi d’Iwwerschwemmungen op verschiddene Plazen ewell ugefaangen haten. Ausserdeem louchen 12 Stonnen tëscht där Warnung an der Alerte Rouge vum spuenesche Wiederdéngscht. D’Evakuatioune waren doriwwer eraus nëmme lues ugelaf, an de Mazόn war um Ufank vum Onwierder iwwert e puer Stonnen net z’erreeche gewiescht, well hien iesse war.

De fréiere Regionalpresident selwer gëtt awer och der Zentralregierung d’Schold. Valencia hätt net genuch Hëllef krut, an et hätt net genuch Informatioune ginn. 229 Leit ware bei der Flutkatastroph den 29. Oktober 2024 gestuerwen. De Schued war an d’Milliarde gaangen, haaptsächlech an de südleche Banlieue vu Valencia.