E Liewe fir den DalíDe Roger Michel Erasmy ass dout

De Lëtzebuerger, dee sech als Salvador-Dalí-Bewonnerer en Numm gemaach huet, ass ewell den 3. November 2015 am Alter vu 76 am Süde vu Frankräich verscheet.

© Wikipedia
"Héritier de Dali, Roger Michel Erasmy est mort" - esou hat d'Zeitung "L'Indépendant" hiren Artikel iwwerschriwwen, dee si den 10. November iwwert den Doud vum Roger Michel Erasmy verfaasst hat.

An engem klengen Noruff gëtt hien als "Personnage attachant, autant volubile que surréaliste" beschriwwen.

En Artikel iwwert den Doud vum Roger Michel Erasmy um Internetsite vun der südfranséischer Zeitung "L'Indépendant".

De Roger Michel Erasmy war Dalí-Fuerscher, Dalí-Bewonner, war därmoossen Dalí-Adepte, Dalí-Apologet, datt e säin Entourage domat méi wéi eemol duerchernee gemaach huet. Esou beschreiwen Leit de Verstuerwenen, déi e selwer erlieft hunn.

Iwwer 50 Joer laang war de Roger Michel Erasmy faszinéiert vum Kënschtler Salvador Dalí. Iwwert deem säi Wierk hat hien e Buch mam Numm "Codex dalianus" (Dalí Décodé) geschriwwen. Doran huet hien eenzel surrealistesch Biller vu sengem Virbild dekodéiert. En hat och de Kënschtlercollectif "Les héritiers de Dalí " gegrënnt an hat dee Waggon erëmfonnt, deen de Moler a sengem emblemateschen Tableau "Le mystique de la gare de Perpignan" duergestallt hat. Den Dalí hat jo d'Gare vun der katalanescher Stad als Zentrum vum Universum an als "plaque tournante" vu senger Kreativitéit bezeechent. Mam "Wagon de Dalí", reamenagéiert als "galerie d’art itinérante", ass de Lëtzebuerger, dee selwer Kënschtler an Auteur war, duerch d'Welt gezunn mam "le plus petit espace surréaliste du monde".

De Roger Michel Erasmy ass de 7. Juni 1939 zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. Den 3. November 2015 ass hien am Alter vu 76 Joer zu Perpignan verscheet.

En Interview mam Roger Michel Erasmy aus dem Dzember 2013.

Hien huet fir d'éischt als "directeur commercial" geschafft an ass dunn "secrétaire au service d'expansion économique de l'Ambassade de France au Luxembourg" ginn, heescht et op Wikipedia. Dorop heescht et weider:

Depuis 1995, Roger Erasmy organise des voyages de la découverte sur la route dalinienne de la région espagnole Empordà-Costa Brava. Ses origines, comme également son expérience des dossiers communautaires, expliquent sa parfaite connaissance des questions européennes qui figurent dans ses écrits révélateurs lesquels font de lui un décodeur de l'œuvre du peintre. En débarquant en 1982 à la gare de Perpignan, Erasmy pense avoir découvert les codes de la méthode paranoïaque-critique de Salvador Dalí. Depuis 1984, Erasmy a décortiqué l'œuvre picturale de l'artiste et exploré les hauts lieux de sa créativité. Erasmy pense avoir compris que les délirantes visions de Salvador Dalí correspondent à un stupéfiant réalisme géopolitique. Son premier livre intitulé Le Mystère de la gare de Perpignan paru en 1985 cherche à établir les certitudes du peintre Catalan. En 1989, la publication du Codex Dalianus tente de faire la démonstration de la vocation messianique du génial artiste. Vingt-sept années d'investigations systématiques en Catalogne essayent d'accumuler les preuves que les troublantes peintures du maître du surréalisme constituent un invraisemblable scénario du futur.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.