D'Finaliste preparéiere sech op déi grouss Bün
De Eurovision Song Contest – dat ass d’Zil vun all de Kandidaten, déi beim Luxembourg Song Contest matmaachen.
De Wee dohinner ass awer nach laang, well net nëmmen d'Lidd muss iwwerzeegen, mee och d'Stëmm, d'Show an d'Ausstralung musse sëtzen. De leschte Weekend huet RTL dofir Workshops organiséiert, bei deene genee un dëse Punkte geschafft ginn ass. Dobäi haten d'Kënschtler och d'Geleeënheet, sech besser kennenzeléieren an als Grupp zesummewuessen.
Zwou Woche si mëttlerweil vergaangen, zanter eng professionell Jury aus bal 60 Kandidaten déi 8 bescht ausgewielt huet: siwe Solo-Kënschtler an een Trio – dat sinn d'Finalisten, déi de 24. Januar an der Rockhal ëm den Ticket op Wien kämpfen.
Am Fokus vum Weekend stounge verschidde Gesangstechniken, Bünepresenz a an och déi mental Virbereedung. Ënnerstëtzt goufen d'Finaliste vu professionelle Vocal- a Performance-Coachen, dat sinn d'Francesca Aaen an d'Susanne Georgi aus Andorra, déi schonn zanter dräi Joer d'Kandidaten op hirer Eurovision-Rees begleeden.
Nieft de Coaching-Sessiounen huet och all Kandidat säi Lidd virum Grupp presentéiert an direkt Feedback kritt – eng wichteg Etapp, fir sech selwer an d'Lidd weiderzëentwéckelen. Parallel hunn d'Produzente sech och schonn éischt Iddie fir déi grouss Show gesammelt, dorënner Kostümer, Dänzer a Bünendesign – alles muss geplangt sinn.
Och d'Ex-Kandidaten Andrea a Jonathan vu One Last Time waren dobäi an hu wichteg Tipps ginn. Hinnen no sollt een all Moment genéissen. Trotz Kompetitioun soll och den Teamgeescht am Mëttelpunkt stoen.
De Countdown leeft: Elo ginn d'Lidder finaliséiert an d'Show präparéiert. Den nächste Rendez-vous ass de Release vun de Lidder Mëtt Dezember.