Nodeem Concert kuerzfristeg ofgesot gouf
Lorde kënnt den 1. September 2026 an d'Rockhal
© AFP Archivbild
Am leschte Moment huet d'Kënschtlerin hire Concert misse wéinst enger Liewensmëttelvergëftung ofsoen. E Concert, op dee sech vill Fans ganz laang gefreet haten.
Elo ass en neien Datum gewosst, wéini Lorde hiren éischte Concert hei am Land spillt an dat ass am September d'nächst Joer. Timing souwéi Plaz sinn d'selwecht an d'Ticketen, déi ee fir de Concert den 9. November an der Rockhal kaaft hat, bleiwe bi 2026 valabel. Wien um neien Datum net kann an der Escher Rockhal dobäi sinn, kritt säin Entréesbilljee rembourséiert, dofir huet ee bis den 30. November 2025 Zäit.
Am meeschte gelies