Den däitschen Thriller-Auteur Sebastian Fitzek war fir eng Liesung aus sengem neiste Buch "Der Nachbar" zu Lëtzebuerg op de Walfer Bicherdeeg.

De Sebastian Fitzek schreift ee Bestseller nom aneren. Zënter sengem Duerchbroch am Joer 2006 mam Thriller "Die Therapie" ass hien aus de Bicherregaler net méi ewech ze denken. Iwwer 40 Bicher huet de Berliner bis ewell geschriwwen, hien huet Millioune vu Lieser a seng Romaner gi mëttlerweil op 36 Sproochen iwwersat. Mee wat maache seng Geschichten esou aussergewéinlech? Ma hie schafft mat Situatiounen aus dem Alldag a ganz banalen Ängscht. Esou och a sengem neie Buch "Der Nachbar".

De Sebastian Fitzek am Interview

Eng Iddi, déi aus zwee Impulser entstanen ass

D'Inspiratioun fir "Der Nachbar" koum aus zwou ganz ënnerschiddleche Richtung: enger spontaner Titelpropos vu senger Managerin an enger realer Geschicht vun enger Sécherheetsfirma, wou eng Fra hire ganz spezielle Fall erkläert huet: E Stalker, dee fir si akafe gaangen ass. Fir de Fitzek war dat déi perfekte Mëschung fir eng nei Geschichte. A genee dat wëll de Schrëftsteller: Geschichten erzielen an ënnerhalen.

Theemen, déi aus dem Liewen a sengem Ëmfeld kommen

Och wann seng Bicher virun allem ënnerhale sollen, spillt dacks eng méi déif, perséinlech Komponent mat eran. De Sebastian Fitzek seet selwer, dass hie beim Schreiwen Ängscht, Suergen oder Erfarungen aus sengem Ëmfeld verschafft. Dozou gehéieren Theeme wéi psychesch Krankheeten, haislech Gewalt, Onsécherheeten aus dem Elterenalldag an aner Theemen aus der Gesellschaft, op déi hien zoufälleg stéisst.

De Sebastian Fitzek zu Lëtzebuerg op Besuch
Op de Walfer Bicherdeeg stell hie säin neit Buch "Der Nachbar" vir.

D'Handwierk hannert de komplexe Fitzek-Geschichten

Seng Romaner si bekannt fir hir vill Wendungen an Iwwerraschungen. Fir do den Iwwerbléck ze behalen, huet den Auteur eng strikt Aarbechtsroutine: Wann hie mat engem neie Buch ufänkt, da schreift hien all Dag, ouni Ausnam. Och sonndes, op Feierdeeg oder op sengem Gebuertsdag. Dëse Rhythmus hëlleft him, an der Geschicht dran ze bleiwen a fléissend a zackeg ze schreiwen, wat seng Bicher auszeechent. Ier hien all gudde Moien nees ufänkt, liest hien déi lescht dräi Kapitelen, fir erëm an d'Stëmmung eranzekommen.

Dës intensiv Phas dauert normalerweis dräi bis véier Méint – an an där Zäit ass d'Schreiwe seng Haaptbeschäftegung. Hie wier dann och net ganz sozial, schmunzelt de Berliner. Mee et ass jo d'Resultat, wat zielt.

Mat "Der Nachbar" bleift de Sebastian Fitzek sengem Erfollegsrezept trei: en Alldagsmoment, deen op eemol eng déif Onrou ausléist, eng Figur, déi mat hiren Ängscht an engem onsiichtbare Géigner kämpft, an eng Geschicht, déi bis zur allerleschter Säit spannend bleift. Seng Aart, Angscht an Alldag ze kombinéieren, mécht hien och hei zu Lëtzebuerg weiderhin extrem beléift.