Ënnert dem Motto "Mémoire-Erinnerung" hunn d'Walfer Bicherdeeg um Samschdeg hir Dieren opgemaach.

Eigentlech ass den Optakt vun de Bicherdeeg ëmmer schonn Donneschdes mat der offizieller Ouverture an der Iwwerreechung vum Buchpräis. 
Dëst Joer stoung awer och de Freideg op de Kalenneren vun iwwer 500 Fans vum däitsche Thriller-Auteur Sebastian Fitzek. An en huet net enttäuscht: Dem Fitzek seng Optrëtter si méi wéi nëmme Liesungen: si si richteg Shows an deenen de Public ënnerhalen, erstaunt an natierlech (Thriller oblige)  och erféiert gëtt. Zu Walfer hat hie säin neie Roman "Der Nachbar" dobäi. An en huet et sech net huele gelooss, fir all senge Lieser hir Exemplairen ze signéieren, och wann dës Autogrammstonn bis wäit no 11 Auer Owes gaangen ass.

Um Samschde Moien goungen dann d'Halen pünktlech um 10 Auer op. Occasiouns-Bichermaart, Books for Kids an den Espace vun de Professionelle vum Buch: d'Halen hu sech séier gefëllt. Eng 12.000 Visiteure gi sech och dëst Joer nees erwaart. 50 verschidden Evenementer gi gebuede, vu Liesungen, Musek a Literatur op der Aussebün, bis bei Workshops a Shows fir Kanner. 170 Exposanten waarden op déi grouss a kleng Frënn vum Buch.

Walfer ass och ëmmer eng Plaz vun de Begéinungen: jonk Auteuren, déi iwwer eng Formatioun vun der UniPop deen néidegen Know How kruten, fir hir Bicher ze publizéieren; etabléiert Auteuren, déi sech iwwer eng Auszeechnung beim Lëtzebuerger Buchpräis freeën an anerer, déi op der Plaz sinn, fir hir Wierker ze signéieren.

An och prominent Visiteuren, déi souguer e Buchtipp parat hunn: De Buchtipp vum Luc Frieden ass "107 Days" vun der Kamala Harris an dem déi fréier US-Vizepresidentin hir Erënnerungen un hir Wal-Kampagne vun 2024 néiergeschriwwen huet.

Wat liest de Luc Frieden?