Foussgänger stierft u senge ganz uerge Beeverletzungen

© Police grand-ducale
Accident mat tragesche Suitten um Samschdeg den Owend géint 20 Auer an der Stad, wéi ee jonke Chauffer duerch Rout gefuer ass.
Op der Kräizung vum Boulevard Grande-Duchesse Charlotte mat der Avenue du X Septembre hu sech e Samschdeg den Owend kuerz virun 20 Auer zwee Ween ze pake krut.
Ee jonke Chauffeur, den eréischt zanter 3 Méint de Führerschäin hat, wor duerch Rout gefuer an ass du voll an een aneren Auto gerannt, dee grad iwwert d'Kräizung gefuer ass.
De Chauffeur, deen aus der Rue du X Septembre koum, gouf doropshi mat sengem Gefier widdert eng rout Luucht geschleidert, wou grad eng Koppel stoung ze waarden, datt et géif gréng ginn, fir iwwert d'Strooss kënnen ze goen.
Ee vun de Passanten, e Mann vu 57 Joer, gouf tëscht dem Potto an dem Auto ageklemmt. Mat ganz schlëmme Blessuren un de Been koum hien an d'Spidol. Ma deen Ongléckleche sollt d'Ongléck net iwwerliewen: Hien ass um Sonndeg an de fréie Moiesstonne u sengen uerge Blessure gestuerwen, wéi d'Police um Sonndeg de Moie matdeelt.
Seng Partnerin gouf liicht um Fouss blesséiert.
An deenen zwee Autoe souzen am Ganze 7 Persounen. Hinnen all ass näischt geschitt.
D'Pompjeeën aus der Stad wore mat 4 Ween a 14 Mann op der Plaz.

© Police grand-ducale