Den Ament gëtt vill iwwer Extensiounen an Antenne vu Spideeler geschriwwen. Och zu Wickreng kéint eng Antenn vum CHEM entstoen.

An engem Artikel vum Lëtzebuerger Land vum leschte Freideg, sot den Direkter vum Escher Spidol René Metz, dass eng "Étude de faisabilité" an eng "Analyse préleminaire" géinge lafen.

Op Nofro krut RTL vum CHEM matgedeelt, dass ee fir de Moment do näischt ze soen hätt an d’Press géif informéiert ginn, wann een eng interessant Informatioun hätt.

De Responsabel vum Projet GRIDX Alex Giorgetti huet confirméiert, dass et éischt Diskussioune mam Spidol gouf. Besonnesch d’Lag am Süd-Oste vum Land mat enger Ubannung un den Tram Richtung Stad an Esch kéinten de Standuert interessant maachen, esou de Geschäftsmann.

Et wiere schonn 90 Prozent vun de Surfacë verlount an, och wann en Deel fir medezinesch Zwecker géif benotzt ginn, hätt een nach e bësse Plaz iwwereg.
 
Och d‘Hotelsschoul huet sech fir den Ament am GRIDX néier gelooss, dat bis d’Schlass zu Suessem disponibel ass.

Wéi eng Servicer d’Spidol an Zukunft do wéilt ubidden, ass nach net gewosst. Allerdéngs sot den Direkter vum CHEM dem Lëtzebuerger Land, dass eng weider Struktur keen Impakt op d’Antennen zu Nidderkuer an Diddeleng hätt.

Eng Decisioun soll an den nächste Méint getraff ginn.