D'Creos huet reagéiert an en entspriechende Communiqué erausginn. Beim klengsten Zweiwel soll een näischt ënnerschreiwen.

Creos warnt virun Onéierlecher, déi sech an der Gemeng Beefort als Agente vum Stroumnetzbedreiwer ausginn.

Déi falsch Agente géinge bei de Leit un der Dier schellen an hinne proposéieren, ee Kontrakt z'ënnerschreiwe fir eng Photovoltaikanlag.

D'Awunner sollen deemno extra gutt oppassen an näischt ënnerschreiwen, wann en Zweiwel besteet. Si kënne sech och un de Service Client vu Creos adresséieren.