66 Verwarnunge bei Kontrollen a Stater Quartieren
© police.lu
En Dënschdeg huet d'Police zu Zéisseng an zu Gaasperech kontrolléiert an dobäi den Accent op d'Vitess, falsch parken an op d'Notze vum Handy geluecht.
Um Kuelebierg zu Zéisseng krute 15 Automobilisten e Pretekoll, well se ze séier ënnerwee waren (49 Euro).
An der Escher Strooss krute sechs Chaufferen eng Verwarnung vun 250 Euro a véier Punkten ofgeholl, well se wärend dem Fueren den Handy benotzt haten. Bei dräi aneren Automobiliste waren d'Pabeieren net an der Rei, ee weidere krut ee gepecht well e falsch geparkt hat (24 Euro).
Weider Kontrolle goufen an der Rue Isaac Newton, an der Rue Gerhard Mercato an an der Rue Leonardo da Vinci duerchgeféiert. Dobäi stoungen néng Gefierer am Parkverbuet (24 Euro), fënnef Leit haten hire Won sou stationéiert, datt se den Trafic gehënnert hunn (49 Euro) an dräi Automobilisten haten um Trëttoir geparkt (49 Euro).
An der Rue Benjamin Franklin sinn zwee Chauffere méi wéi 15 Kilometer an der Stonn ze séier ënnerwee gewiescht. Si krute jeeweils 145 Euro an zwee Punkten ofgeholl.
Och um Boulevard de Kockelscheuer ass d'Vitess kontrolléiert ginn. Néng Leit waren hei ze séier (145 Euro an zwee Punkten), e weideren ass nach méi haart bestrooft ginn. Ausserdeem haten zwee Chauffere wärend dem Fueren hiren Handy benotzt (250 Euro a véier Punkten). An der Rue Beethoven sollt nach e weideren Automobilist erwëscht ginn, deen ze séier gefuer ass (145 Euro an zwee Punkten).
Donieft goufen zu Zéisseng a Gaasperech nach sechs weider Fuerer ermëttelt, déi hiren Handy benotzt haten. Bei zwee Gefierer waren d'Pabeieren net an der Rei, an dann hat nach en aner Chauffer säi Gurt net un (145 Euro an zwee Punkten).