De 5. Juli 2025 géint 15 Auer gouf an engem Akafszenter um Boulevard F.W. Raiffeisen zu Gaasperech op der Dammentoilette eng Posch geklaut.

An deem Zesummenhang sicht d'Police no Informatioune zu der Persoun, déi een op der Foto an dësem Artikel gesäit.

Wien dës Persoun kënnt oder soss nëtzlech Informatiounen huet, soll sech bei der Police an der Stad mellen, dat um Telefon (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.