Méi wéi 100 Immobilienagencë wiere sech mat Bréif géint Plattform atHome
© Fabio Caiano, FIL
Ënnerschiddlech Präisser fir de selwechte Package a permanent Präishaussen, dat kritiséiere méi wéi 100 Immobilienagencen, déi sech elo zesummegedoen hunn.
Ronn 600 Agente vun ënnerschiddlechen Agencen hu sech mobiliséiert, fir d'éischt via Whatsapp-Noriichten, dunn hu sech ronn 120 Vertrieder vun Immobilienagencen zweemol getraff, fir iwwert déi aktuell Präispolitik vun atHome Group, der Plattform fir Immobilienannoncen, ze diskutéieren. E Sujet, dee scho méi laang bei den eenzelen Agencë fir Frustratioun suergt, ma déi lescht Präishausse hätt d'Faass zum iwwerlafe bruecht. D'Hausse soll bei ronn "30 Prozent" leien an dat op engem Marché, deen iwwer déi lescht zwee Joer schonn zimmlech ugespaant wier.
Kollektiv gouf elo e Bréif opgesat a vu ronn 120 Agencen ënnerschriwwe mat der Fuerderung un atHome Group, déi rezent vum Investmentfong Apax Digital opkaf gouf, méi transparent ze sinn an déi Präisdifferenzen an Augmentatiounen ze erklären. An dësem Bréif huet all Direkter respektiv Vertrieder vun der Agence och uginn, wéi een Abonnement si bei der Plattform hunn a wéi vill si dat all Mount kascht. "Do ginn et beim selwechte Package Differenze vu bal 13.000 Euro", sou den Agent Fabio Caiano, deen dat ganzt mat initiéiert huet.
Dës weidere gouf d'FIL presentéiert, d'Fédération Immobilière du Luxembourg. Iwwert dëse Verband sollen all Immobilienannoncen aus dem Land mëttels Kënschtlecher Intelligenz ze fanne sinn. Dat koum net bei jidderengem gutt un. "Et huet een den Androck, dass dir eis den nächsten atHome presentéiere wëllt", huet een Agent op der Reunioun am Oktober kritiséiert. Dat wier awer net de But, sou déi puer Immobilienagenten, déi sech zesumme gedoen hu fir d'FIL ze lancéieren.
De Verband wier eng A.s.b.l., also ouni lukrative But, a soll d'Agencë vum Immobiliëmarché vertrieden. Dat hätt een entscheet, well munch Agente mat der Chambre Immobilière, déi jo eigentlech als Representant vun de Lëtzebuerger Immobilienagencen fungéiert, net zefridde wieren.
Chambre Immobilière trefft nächst Woch op atHome & Co.
De Jean-Paul Scheuren, Vizepresident vun der Chambre Immobilière, seet, de Sujet wier net nei. Schonn 2015 goufen d'Präisser fir Annoncen op d'Plattformen ze setze kritiséiert. D'Chambre Immobilière hätt awer vun den neien "Opstänn" héieren an hätt vu sech aus reagéiert. Déi nächst Woch wiere Rendez-vouse mat atHome an Immotop geplangt fir iwwert d'Präispolitik ze diskutéieren.
Déi nei Federatioun FIL an hir presentéiert KI-Plattform géif een net als Konkurrenz betruechten. De Jean-Paul Scheuren gesäit hei awer en Interessekonflikt: "D'FIL gouf vun dräi Agencë gegrënnt, woubäi eng Agence duebel am Comité vertrueden ass. Ech hunn d'Gefill, et wéilt ee vun der Angscht vu munche profitéieren. Du profitéiers vun der Angscht fir eppes Neies ze verkafen."
Dëse Virworf gouf awer schonn op der éischter Reunioun vun de Grënner vun der FIL dementéiert, wéi e puer Leit déi selwecht Bedenke geäussert hunn. "Bei Filia [sou den Numm vun der KI-Plattform vun der FIL] gëtt kee favoriséiert an d'Memberschaft kascht nëmmen e klengen Deel vun deem, wat mir haut bei atHome bezuelen", sou de Serge Uchkalov, dee FILIA entwéckelt huet an deemools schonn d'Plattform Immotop gegrënnt hat.
FILIA wier keng zentraliséiert Plattform wéi atHome, mee e KI-Tool, deen d'Annoncen op déi eege Säite vun den Agence siche geet, also wéi eng Sichmaschinn. Et géif een domat och direkt op de Site vun der Agence weidergeleet ginn, an domat wier den Trafic op der eegener Websäit, an net wéi bei der bekannter Plattform op atHome.
D'RTL-Redaktioun huet och d'Direktioun vun atHome kontaktéiert. Dës wéilt sech aktuell net dozou äusseren, well een de Bréif nach net kritt hätt.