Avenue de la Gare
Appartementshaus zu Péiteng wéinst Kichebrand evakuéiert

© SISCP
Um Sonndeg de Mëtteg géint 16.52 Auer goufen d'Péitenger Pompjeeën op e Brand an der Avenue de la Gare geruff.
Op der Plaz konnte se feststellen, dass et do an engem Appartementshaus an der Kiche vun enger Wunneng gebrannt huet.
D'Pompjeeë vum SISCP kruten d'Feier séier ënner Kontroll, mä aner Wunnengen hu misste wéinst dem Damp evakuéiert ginn.
Et gouf kee blesséiert.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Péiteng mat 28 Mann a 6 Ween. Donieft waren och d'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng, 2 Ambulanzen an d'Police present.
©
SISCP
©
SISCP
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies