Mord zu drëtt ronderëm den Dësch Wochen am Viraus geplangt

© RTL-Archivbild
Um Stater Geriicht ass e Mëttwoch d'Haaptugekloten am Prozess wéinst dem Mord un engem Lëtzebuerger Resident am August 2021 a Portugal zu Wuert komm.
D’Decisioun fir de Liewenspartner ëmzebréngen, wier ee bis zwee Méint virum Depart an d’Vakanz geholl ginn.
All d’Nimm an dësem Reportage vum Michèle Sinner si geännert ginn.
Zu drëtt zesummen, zu Esch ronderëm de Kichen- oder Stuffendësch hätten d’Haaptugekloten Ana, hir Mamm Mariana an där hire Partner Antonio decidéiert, der Ana hire Partner Pedro dout ze maachen. D'Iddi mam Insektizid géint de Kartoffelkäfer, esou d’Ana, wier vun hirer Mamm komm. Dat wier en effikasst Gëft. Ee vun hiren Noperen hätt sech domat ëmbruecht. D'Mariana an den Antonio, mat deem d'Ana eng heemlech Relatioun hat, hätte si gedréckt. D’Ana hätt sech hinnen net widdersat.
An hiren Aussoen huet d’Haaptugeklote sech als Affer un hirem Partner Pedro duergestallt, dee si kontrolléiert hätt. Emol, huet si erzielt, hätt hie si mam Hals geholl, eng Zeen, fir déi et keng direkt Zeie gëtt. Just där, déi matkruten, datt d'Koppel driwwer geschwat huet an d'Ana net widdersprach huet, wann de Pedro sot, am Fong hätt hie sech géint d’Ana gewiert. Och hir Mamm Mariana hätt si kujenéiert a kontrolléiert. Permanent ugeruff a geschriwwen, si soll dëst oder dat maachen. Déi zwee hätten hir gedreet, hir dat klengt Cristina ewechzehuelen, wa si net gemaach hätt, wat deen een oder déi aner gewollt hätten.
D’Mariana hätt hir méi ewéi emol gesot, wann de Pedro hire Mann wär, hätt si hie scho laang ëmbruecht. D’Mariana, huet d’Ana erzielt, hätt och dem Antonio emol eng Iwwerdosis Medikamenter ginn, sou datt en ugefaangen hätt, sech z’iwwerginn an eng Nuecht am Spidol gewiescht wär. D'Riichterin huet sech gefrot, ob et hei schonn emol eng Tentative de meurtre ginn hätt. Ma fir all déi Probleemer, sot si, wieren et och aner Méiglechkeete ginn, sech ze wieren, wéi de Pedro dout ze maachen. Firwat d'Ana da kee vun deenen zwee Männer gewarnt hätt? Eng Äntwert op d’Fro, wéi et dozou koum, wéi d’Ana, d’Mariana an den Antonio quasi beim "Kaffiskränzche" geplangt hätten, krut d'Riichterin e Mëttwoch net.
D’Ana huet sech an hiren Aussoen a Widderspréch verstréckt, déi och e Mëttwoch net konnten opgeléist ginn. Emol hat si gesot, si hätt hir Cousine schonn am Januar gefrot, den Insektizid ze kafen. Dono sot si, zwee Méint virum Depart an d’Vakanz. Ma firwat si schonn am Januar Gëft hätt solle bestellen, wann d’Mariana d’Iddi dofir eréischt Méint méi spéit, virun der Vakanz gehat hätt, konnt si net erklären. "Wann ee vill litt, brauch een eng gutt Memoire", sot d’Riichterin.
D’Marta, d’Cousine selwer, déi e Mëttwoch iwwer Video-Link aus Portugal bäigeschalt war, ass awer dobäi bliwwen, datt d’Ana si fir d'éischt den Dag selwer, den 3. August gefrot hat, d’Gëft kafen ze goen. 6,50 Euro hat et kascht. Dat hat si deier fonnt. D’Mariana, déi insistéiert hat an d’Gëft mat kafe war, hat hir d'Suen erëmginn. D’Marta huet beschriwwen, wéi d'Famill, mat där si an der Vakanz ëmmer mëttes an owes zesumme giess huet, sech an den Deeg nom Pedro sengem Doud verhalen huet. Si selwer hätt gefrot, wou hie wär. Mat all senge Saachen a Sue fortgaangen, esou d’Äntwert.
Si hätt ugefaangen, sech Suergen ze maachen, datt him eppes geschitt wär an hätt dem Mariana gesot, et sollt ee bei d’Police goen. Ma déi war der Meenung, d’Police géing näischt maachen, well d’Ana an de Pedro net bestuet wieren. Och wéi an de portugisesche Medie gemellt gouf, an der Géigend wier d’Läich vun engem Mann fonnt ginn, hätt si kee Lien mam verschwonnene Pedro gemaach. "Ech konnt mer net virstellen, datt si zu esou eppes capabel wieren."
Op der Party dräi Deeg nom Pedro sengem Doud hätt d'Ana gedanzt, jiddereen hätt sech gutt amuséiert. "Ils n’avaient aucun remords".
De Prozess geet en Donneschdeg virun. Da gëtt d’Haaptugeklote weider befrot. Bis zum Jugement gëllt d'Présomption d'innocence.