DP-Schäffen Amel Cosic zitt sech Enn des Joers zeréck

© DP
Zu Wolz kënnt et zu engem Wiessel am Schäfferot, den DP-Schäffen Amel Cosic wäert sech nämlech Enn des Joers zeréckzéien.
Dat huet hien RTL op Nofro hi confirméiert. Hie géing nach bis zum Vott vum Budget am Dezember op sengem Poste bleiwen an dono Plaz maachen. De Grond fir säi Réckzuch wiere Verännerungen um perséinleche Plang.
Ob hien als einfache Conseiller am Gemengerot bleiwe wäert, wier nach net ganz kloer. Et ass och nach net gewosst, wien dem Amel Cosic säi Schäffeposten iwwerhuele wäert.
Wann et dem Resultat vun de Gemengewalen 2023 nogeet, misst den DP-Conseiller Maurice Muller neie Member vum Schäfferot ginn. Zu Wolz ass zanter gutt zwee Joer eng Koalitioun aus CSV an DP um Rudder. Et gëtt awer scho méi laang Gerüchter, datt d'Ambiance an der Koalitioun net déi bescht wier, well et intern bei der DP ee Kommunikatiounsproblem soll ginn. Dem Amel Cosic no hätt dat awer näischt mat sengem Récktrëtt ze doen. Interessant ass, datt et grad de Maurice Muller war, deen an deene leschte Joren e puer Mol déi eege Majoritéit ëffentlech kritiséiert hat. Dat ënner anerem wéinst enger Kläpperei bei engem Match vum FC Wolz a wéinst dem Steierbüro, dee vu Wolz sollt fortkommen.