En turbulenten Hierschtdag mat Reen, Donnerwiederen a Wand steet eis en Donneschdeg an d'Haus.

MeteoLux huet eng giel Stuermwarnung erausgi vu moies 6 bis Hallefnuecht. Et assd mat Wandstéiss tëscht 65 a 85 Kilometer an der Stonn ze rechnen, seet den nationale Wiederdéngscht. Kachelmann mellt esouguer bis zu 100 Stonnekilometer, dat bei maximal 15 Grad um Moien an tëscht 7 an 11 Grad um Mëtteg.

Och e Freideg ass nach mat Reen a staarkem Wand ze rechnen.

RTL