Am Dialog mam Bierger: "Well et ëm muer geet"

© Dany Rasqué / RTL
Ënnert dem Motto "Well et ëm muer geet" sinn déi liberal Ministeren, d'Parteispëtzt an natierlech eng Rei Parteimembere vun elo un uechter d'Land ënnerwee.
Et wéilt een de Kontakt mam Wieler net eréischt zwee Méint virun de Walen entdecken, huet d'Demokratesch Partei e Mëttwoch den Owend zu Ettelbréck ënnerstrach. Do war den Optakt vun deene verschiddene Rendez-vouse mam Wieler.
90 Minutte plus Nospillzäit hunn de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel an de Kulturminister Eric Thill sech Zäit geholl, fir op d'Froe vun de Leit z'äntweren, mä awer och fir déi eege Politik z'erklären.
Et goung ëm eng ganz Panoplie Froen. D'Ministere Bettel an Thill kruten déi vun den zwee Moderatore gestallt. Et goung zum Beispill ëm den Ausbau vun der N7, ëm de Logement an natierlech och ëm d'Verdeedegungsausgaben, déi drastesch musse klammen, well d'Zäite geännert hunn.
De Xavier Bettel:
"Mir hunn awer ni eis d'Fro gestallt, ass eng Gefor do oder net. Ech ka se och net ausschléissen. A gleeft mer, ech sinn net negativ. Mee mir mussen einfach och, wa mer wëllen eng gewëss Solidaritéit hunn, eisen Deel matdroen. An dofir musse mer och d'Leit zesummebréngen. (....)"
Dofir wéilt een de Sozialdialog weider fërderen, well d'Stäerkt vu Lëtzebuerg wier et, zesummen ze halen. Bei der Rentereform wier eng Léisung néideg, mat där jidderee sech erëmfënnt, wou een de Leit de Choix léisst.
En anere Sujet war d'Steierreform an do huet de Kulturminister Eric Thill ënnerstrach, datt et wichteg ass, bei där Reform un déi Äermst an der Gesellschaft ze denken.
"Parallel zu där Steierreform wäerte mer och d'Kannergeld unhéijen, upassen, fir dass och wierklech d'Familljen an déi, déi dann och am meeschten deemno wéi dervu profitéieren, wäerten och eeben déi Erhéijung do kréien. Firwat soen ech dat och? Well eise Minister, de Max Hahn, och an déi Richtung amgaangen ass, verschidde Saachen ëmzesetzen. E wäert Enn des Joers och e Plang, en Aktiounsplang lancéiere géint d'Aarmut."
E Plang, iwwert dee scho vill geschwat gouf an deen elo den iwwernächste Mount virgestallt gëtt.
Et waren also vill eescht Sujeten, mä laache konnt de Publikum trotzdeem. Den Eric Thill huet vu sengen éischten zwee Joer als Minister erzielt. Dat wier am Ufank en Challenge gewiescht, mä et géif vun Dag zu Dag méi Spaass maachen, och wann den Ufank Parallelle mam éischte Schouldag gehat hätt. Ma och wann ee scho méi laang am politesche Geschäft ass, gëtt et duerchaus déi eng oder aner Situatioun, déi een emol bëssen nervös maache kann.
De Xavier Bettel denkt gär u seng Renconter mat der Angela Merkel zeréck:
"Ech ka mech erënneren, dat war meng éischt Auslandsrees, do sinn ech bei d'Angela Merkel geflunn op Berlin an da kënns de an de Bundeskanzleramt, esou e risegen Déngen, an do kënnt d'Madamm Merkel a seet 'Hallo, ich bin die Angela', an ech sot 'ich weiss'. Ech wosst net méi, wat ech sollt soen. Ech hu just gesot 'Ich bin der Xavier'."
Déi do Formalitéite kënne béid Politiker sech an Tëschenzäit spueren. Den Ausseminister Bettel huet en Donneschdeg de Moie fréi de Fliger fir op Berlin geholl, wou hien ënner anerem och d'Angela Merkel fir en informellt Gespréich gesäit.
Wat de méi eeschten Deel ugeet, huet de Xavier Bettel awer nach drun erënnert, datt een deem anere seng Meenung muss respektéieren, och wann ee se net deelt. An deem Zesummenhang huet hie virdru gewarnt, Konflikter z'importéieren an huet kuerz ugeschwat, datt hie virun zwou Woche wéinst seng Noost-Politik op der Terrass vun engem Restaurant an der Stad verbal attackéiert gi war.