Dat geet aus enger Etüd ervir, déi d’Associatioun vun de Banken ABBL an Optrag ginn an en Donneschdeg de Moie presentéiert huet.

Zwou Wochen nodeems déi séier Viremente genee wéi déi automatesch Kontroll vum Numm an der Kontosnummer bei enger Transaktioun flächendeckend agefouert goufen, weist sech de Secteur ganz zefridden. D‘Transitioun wier gutt verlaf. Dobäi wier dat technesch net evident an d‘Resultat vu gréisseren Investitioune gewiescht, heescht et en Donneschdeg vun der Banken- a Banquiersassociatioun ABBL. Weider Investissementer ginn et aktuell am Beräich vun de Bankomater. Dat obschonn ëmmer manner dacks Suen opgehuewe ginn. Hei di sech jo 6 Banken zesummen, fir e gemeinsame Reseau u méi sécheren a moderne Bankomater ze schafen. Eng éischt Testphas leeft uganks 2026 un.

D‘Leit zu Lëtzebuerg schéngen op alle Fall weider wëlle béid Optiounen ze hunn. Enger Etüd vun der Zentralbank no, hätt d‘Hallschent vun der Populatioun nämlech och an Zukunft gären d‘Méiglechkeet, mat Boergeld ze bezuelen. Gläichzäiteg kann een zu Lëtzebuerg a 95 Prozent vun de Fäll mat der Kaart bezuelen. Domat läit de Grand-Duché op der 2. Plaz am europäesche Verglach. Et ginn och ëmmer méi Virementen online gemaach. Eleng zejoert ass d‘Zuel vun den Online-Transaktiounen ëm 11 Prozent geklommen. An d'Agence ginn d'Clienten dogéint ëmmer manner dacks an dat dann och éischter fir gréisser Projeten, wéi zum Beispill en Immobiliëprêt.

Allgemeng erwaarde sech d‘Clienten einfach an digital Outile fir hir Bankgeschäfter ze maachen. Gläichzäiteg sollen dës méiglechst sécher sinn. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi d’Associatioun vun de Banken ABBL an Optrag ginn an en Donneschdeg presentéiert huet.

D'Banken zu Lëtzebuerg investéieren, eegenen Aussoen no, dann och verstäerkt an d‘Cybersécherheet an an de Kampf géint Fraude. An der Reegel wier et awer net iwwert de System vun de Banken, wou d‘Brigangen erakéimen, ma andeems si d'Clientë beducksen, esou de Constat vun der ABBL. Deemno wier et wichteg, d‘Leit op méiglech Geforen ze sensibiliséieren.

Doduerch, datt d‘Zënse relativ stabil, d‘Immobiliëpräisser liicht erofgaange sinn an d‘Stéit duerch d‘Mesurë vum Staat méi Kafkraaft hunn, wier d‘Zuel vun den Immobiliëprêten erëm eropgaangen. Dat awer an der Haaptsaach fir Haiser an Appartementer, déi et scho gëtt. Bei de Wunnengen, déi nach musse gebaut ginn, weise sech d‘Clientë weider virsiichteg.