Chef d'état-major vun der Arméi Steve Thull geet an engem Joer an d'Pensioun

© Laurent Weber
Zanter dem 29. September 2020 steet de Steve Thull un der Spëtzt vun der Arméi. Dat wäert sech vum 1. Oktober 2026 un awer änneren.
Am Oktober dat nächst Joer hätt de Steve Thull 39 Joer am Déngscht vun der Arméi gestanen, dorënner da sechs Joer un der Spëtzt vum Corps. Bis dohinner wäert de Chef d'état-major awer seng Aarbechte weider wéi bis ewell duerchféieren.
Wéinst dëser Annonce gouf och net méi spéit wéi den 23. Oktober vun dësem Joer, also dësen Donneschdeg, domadder ugefaangen, fir no engem Kandidat fir d'Successioun vum CEMA ze sichen. Dëse soll d'Ëmwandlung vun der Arméi, déi schonn ugefaangen huet, weiderféieren an en neien Elan an d'Moderniséierung vun den Truppen erabréngen. Dat an enger dach méi schwiereger geopolitescher Zäit, wéi et am Schreiwes vun der Direction de la défense heescht.