Eng Koppel sëtzt op der Strooss a sicht no Perspektiven
Op engem Parking am Süde vum Land steet e klengen Auto. Zanter Méint ass dat d'Doheem vun enger Koppel. Si wëllen anonym bleiwen.
"Ouni Adress hues du kee Recht op näischt"
De Mann, 50 Joer al, erzielt: "Ouni Adress kritt een näischt, keng Hëllef, kee Chômage, näischt."
Hien hat wéinst engem Handicap seng Aarbecht verluer:
"De Kontrakt war fäerdeg an de Chômage ass ofgelaf. Elo kréien ech näischt, well ech keng Adress hunn. Déi meescht Leit verstinn dat net, ouni eng offiziell Adress bass du onsiichtbar fir de System."
E Liewen op klengstem Raum
Den Alldag am Auto wier ustrengend, erzielt de Mann, dee vum Liewe gezeechent ass.
Si stinn op engem Parking, deen de Moment nach gratis ass.
Et bleift ëmmer eng Angscht do: "Wann den Auto futti geet oder eppes geschitt, hu mir näischt méi."
"Mir wëlle just eng kleng Plaz, fir zesummen ze sinn"
D'Fra huet 60 Joer, ass forméiert Violonistin. Si huet laang professionell gespillt, ënner anerem am RTL-Orchester a rezent fir den OPL. No zwee CDDe krut si kee Kontrakt méi, erzielt d'Musekerin.
D'Schicksal hätt et net gutt mat hinne gemengt:
"Ech wënschen eis just eng kleng Kummer, wou mir roueg kënnen zesumme sinn. Ech wëll net vun him getrennt ginn. Mir sinn zënter iwwer zwanzeg Joer zesummen, ech wëll net, datt dat elo duerch esou eppes ausernee geet."

© Pierre Weimerskirch
Trotz allem hält si un hirer Passioun fest:
"All Moien huelen ech meng Gei a spillen e puer Nouten. Dat hëlleft géint d'Negativitéit."
Ee Grond eleng, deen d'Situatioun vun der Koppel erkläert, gëtt et net. Et wier villes beienee komm an elo géif een net méi aus der Situatioun erauskommen.
Hëllef aus der Noperschaft
Net jidderee geet laanscht, ouni ze kucken. Den Nico Maggipinto, e Bewunner aus der Noperschaft, huet d'Koppel viru puer Woche kennegeléiert, wéi hie mam Hond spadséiere gaangen ass.
"Ech hu si do gesinn an direkt gemierkt, datt eppes net stëmmt", erzielt hien. "Ech hunn hinnen eppes z’iessen bruecht, e puer Liter Diesel, wat ech eben konnt. Mee esou kann et net virugoen."
Aus Suerg huet hie sech un d'Redaktioun geriicht an och RTL kontaktéiert, fir op d'Situatioun opmierksam ze maachen.
"Et kann net sinn, datt Mënschen hei am Land an engem Auto liewen, ouni Hëllef, ouni Perspektiv. Ech freeë mech, wann d'Autoritéiten oder d'Associatioune sech drëm këmmeren."
Fir Kontakt mat der Redaktioun opzehuelen, maacht e Mail un dossier@rtl.lu oder fir mam Journalist ze schreiwen op pierre.weimerskirch@rtl.lu.