Police sicht no Zeien
Strooss tëscht Wäiswampech a Moolschend (B) beschiedegt

© Police
E Mëttwoch krut d'Police géint 15 Auer gemellt, dass Onbekannter Lächer géingen an d'Strooss bueren.
Domat net genuch. Déi Onbekannt hunn Dübbelen an déi dräi Lächer gestach an ugebrache Schrauwen agedréint. Déi ganz Aktioun war, wéi d'Police präziséiert, fir Gefierer muttwëlleg ze beschiedegen, déi do driwwer gefuer wieren.
Geschitt ass dat Ganzt op der Strooss tëscht Wäiswampech a Moolschend an der Belsch.
Wien eppes gesinn huet oder Informatiounen huet, ass gebiede sech bei der Police vun Ëlwen ze mellen um Nummer (+352) 244 87 1000 oder per E-Mail op police.troisvierges@police.etat.lu.
Am meeschte gelies