Alkoholiséierten Abriecher an alkoholiséierten Autosdéif gestallt

D'Beamte vun der Police hate mat alkoholiséierten Automobilisten an engem Abriecher, deen ze vill gedronk hat, ze dinn.
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf an der Rue du Vieux Marché zu Veianen e Mann gemellt, dee probéiert soll hunn, an e Gebai anzebriechen. En Zeien, deen de Mann wollt drun hënneren, gouf vum presuméierten Täter ugegraff. Dono ass den Täter fortgelaf. Hie konnt awer vun der Police gestallt ginn. Well de Mann staark alkoholiséiert war, koum hien an Arrest. Dat huet hie sech awer net gefale gelooss an hien huet géint d'Beamte rebelléiert. De Parquet gouf informéiert an de Mann gouf verhaft. En Donneschdeg am Nomëtteg hat hie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
An der Stad konnten d'Beamten engem Chauffer, deen alkoholiséiert mat engem futtissen Auto gefuer ass, de Permis net ofhuelen, well dëse guer keen hat. Bei den Ermëttlunge koum dunn nach eraus, datt den Auto kuerz virdru geklaut gi war.
Zu Donkels huet dann eng Automobilistin hire Permis verluer, well si ze vill gedronk hat an hire Won am Zickzack gesteiert huet. Op der A6 war en Automobilist wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall. Och hien hat ze vill gedronk. Och op der A3 war e Chauffer opgefall, well hie säin Auto net ënner Kontroll hat. Och hei war den Alkoholtest positiv.