Jean Wampach am Alter vun 80 Joer gestuerwen

Vun der Famill krute mer confirméiert, datt de fréiere Noriichtespriecher en Donneschdeg de Moie gestuerwen ass.
Et si Generatioune vu Lëtzebuerger moies mat him wakereg ginn. De Jean Wampach, eng vun de Stëmme vun RTL an den 1980er an 1990er Joren, ass en Donneschdeg de Moien am Alter vun 80 Joer gestuerwen. Dat krute mer vun der Famill matgedeelt.
De Jean Wampach huet seng éischt Schrëtt bei RTL 1966 am Service vun der Comptabilitéit gemaach, ier hien éischt Radioserfarungen an der Sportredaktioun ënnert dem Pilo Fonck gesammelt huet, fir duerno an d’Noriichteredaktioun ze wiesselen. De Jean Wampach huet laang Jore besonnesch d’Neiegkeete moies presentéiert, déi hie gär mat de Wierder "an esou wor et" ofgeschloss huet. Hien huet bis seng Pensioun den 1. September 2003 fir RTL geschafft.
Hei héiert Dir dem Jean Wampach seng Annonce vun den Terroruschléi vum 11. September 2001 zu New York:
RTL dréckt der Famill vum Jean Wampach säin häerzlecht Matgefill aus.