Zu Esch am Quartier NeiduerfImpressionante Chantier: "Ronn Bréck'' gëtt ofgerappt

Zanter ronn 15 Joer ass keen Zuch méi iwwer déi "Ronn Bréck" zu Esch gefuer. Elo gëtt dës ofgerappt.

D' ''Ronn Bréck'' gëtt ofgerappt (12.04.2017)
Impressionnante Chantier zu Esch

Zu Esch am Quartier Neiduerf huet hënt ee grousse Chantier ugefaangen. Déi al Bréck vun der Eisebunn gëtt ganz ofgerappt. Dat ass keng einfach Aufgab fir d'Aarbechter. Mä och d'Automobilisten an d'Awunner aus dem Neiduerf mussen nach bis den 16. Abrëll Gedold hunn.

Zu Esch am Quartier Neiduerf huet hënt ee grousse Chantier ugefaangen. Déi al Bréck vun der Eisebunn gëtt ganz ofgerappt. Dat ass keng einfach Aufgab fir d' Aarbechter. Mä och d' Automobilisten an d' Awunner aus dem Neiduerf mussen nach bis den 16. Abrëll Gedold hunn.

Déi éischt Phase vum Chantier ass schonn ofgeschloss. D' Aarbechter hunn d' Bréck vun ënne stabiliséiert. Grouss Kraner halen den ieweschten Deel vun der Bréck am Gläichgewiicht. Stéck fir Stéck gëtt d'Bréck elo ofmontéiert a mat grousse Camione fortbruecht.

Den Demontage vun der Bréck bréngt eng Rëtsch Ännerunge fir de Verkéier mat sech. Virun allem d' Automobiliste mussen de Chantier groussraimeg ëmfueren. Fir si ass de Passage ënnert der Bréck ganz verbueden. D' Awunner aus dem Neiduerf kommen awer weiderhi vun A op B.

Nuets kennen d'Foussgänger awer ënnert dem Chantier erduerch. Dat vun 19.00-07.00 Auer.

Haut den Owend an den 15. Abrëll ab Hallefnuecht si besonnesch geféierlech Manöver um Chantier virgesinn. De Passage bleift dann fir jiddereen zou.

All d'Informatioune fannt Dir op www.esch.lu