D'Petitioune sinn 42 Deeg fir Ënnerschrëften online. An deem Zäitraum brauche se op d'mannst 5.500 Ënnerschrëften, fir an der Chamber diskutéiert ze ginn.

Zanter e Freideg si 17 nei Petitiounen um Site vun der Chamber, déi een ënnerschreiwe kann.

An do gëtt ënner anerem gefuerdert, datt een d'Chatkontroll soll refuséieren an déi digital Grondrechter vun de Bierger soll stäerken. Dann ass et awer och d'Fuerderung, datt Leit, déi wärend dem Fueren hiren Handy benotzen, méi streng bestrooft ginn an direkt hire Permis verléieren.

Motorrieder da sollen d'Spuer, déi u sech fir de Covoiturage geduecht soll, sollen dierfen notzen an datt d'Vitess vun de Busser soll ugepasst ginn, op 100 km/h op den Autobunnen an 80 op de Landstroossen.

Da ginn et och nach zwou Petitiounen, déi de Schoulprogramm an de Viséier huelen. Fir dat aktuellt Schouljoer soll de Franséischprogramm op Première fir déi Schüler, déi en zousätzleche Stage hunn, reduzéiert ginn an d'Lëtzebuergescht soll als obligatorescht Fach an de Schoulen a Lycéeën agefouert ginn.

D'Petitiounen am Iwwerbléck

3740: Autorisation des motocycles à emprunter les voies de covoiturage.
3758: Schützt eist Finanzsystem virun enger konzentréierter Ofhängegkeet vun US-Scholden
3771: Pour que le Luxembourg renoue le dialogue avec la Russie – pour la paix, la justice sociale, la protection de l’environnement et la stabilité économique
3777: Fir eng Upassung vun der Vitess fir Busser.
3804: Adaptation des cours d'études scolaires au besoins essentiels de vie
3806: Entlaaschtung vum Franséischprogramm op der 1ère fir d'Schüler déi zousätzlech e Stage hunn
3807: Pour des espaces publics extérieurs sans tabac au Luxembourg
3814: Modification nécessaire de la loi sur les forêts
3815: Retrait du permis de conduire quand on utilise son téléphone !
3816: Gegen die Chatkontrolle - Für den Schutz unserer digitalen Grundrechte
3817: Introduction d'un mécanisme d'auto-exclusion volontaire pour les joueurs des machines à sous physiques au Luxembourg
3819: Un ticket resto pour chacun, un avantage pour tous !
3827: Rehazenter am Süden an am Norden vum Land
3832: Petitioun fir d'Verbesserung vun der Zougänglechkeet vun ëffentlechen Transportmëttelen fir Persounen mat reduzéierter Mobilitéit am Norde vum Lëtzebuerg
3836: Fir d'Lëtzebuergesch Sprooch als obligatorescht Fach mat Schreifkompetenzen an allen Schoulen an Lycéeën
3838: Installation de dispositifs réfléchissants (catadioptres) sur les autoroutes non éclairées du Luxembourg
3839: Parking : 30min gratuites soins à domicile