Zesumme mat der franséischer Police
Gemeinsam Kontrollen an den Zich tëscht Lëtzebuerg a Frankräich

© police.lu
E Mëttwoch huet d'Police zesumme mat der Brigade de Contrôle des Transports Internationaux de Metz Kontrollen an den Zich duerchgeféiert.
De Fokus louch dobäi op den Immigratiouns- an Drogegesetzer, grad sou wéi op der allgemenger Presenz vun der Police am ëffentlechen Transport.
Vun den 42 kontrolléierte Persounen hu sech der 12 illegal a Frankräich opgehalen. Weider Detailer goufe keng genannt.

© police.lu
Am meeschte gelies