Kleng Operatiounen un den Ae baussent dem Spidol solle méiglech ginn
Vu Mëtt 2026 u wëllen d’Hôpitaux Robert Schuman kleng Aen-Operatiounen, wéi déi vum Katarakt, also dem groe Star, baussent der Klinick maachen.
Dat kann an der Spidolsantenn op der Cloche d’Or, wou zanter kuerzem och scho Röntgen, Scanner an IRMen ugebuede ginn, gemaach ginn. De Katarakt wär déi heefegst Operatioun am Land an och op der Welt. Géif se kënne baussent dem Spidol gemaach ginn, wär do méi Disponibilitéit fir méi schwéier Agrëffer. An den nächsten zwee bis dräi Joer da wëll de Grupp och Agrëffer um Beweegungsapparat, wéi Arthroskopien oder och Protheesen an esou enger Antenn ubidden. Et géifen eng Rei gutt Argumenter dofir ginn, seet den HRS Generaldirekter Dr Marc Berna.
"Et ass eng Kéier, dass mer do d’Saachen e bësse manner deier, géif ech soe, kënnen ubidden. Et ass déi aner Kéier, datt mer dem Patient méi no kënne kommen. An et ass dat Drëtt, datt mer zu Lëtzebuerg de Moment fir gewëssen Interventiounen eng vill méi grouss Demande hunn, wéi d'Offer, déi de Moment do ass. Dofir wëlle mer déi Offer och steigeren. A mir mengen, wa mer déi dräi Saachen do zesumme kräizen, kéint dat Ambulant eis hei e gutt Stéck weider bréngen a kéint dem System wierklech e reelle Mehrwert schafen."
De Spidolsdirekter zielt eng Rei Ziler op: eng Verkierzung vun de Waardezäiten, eng besser Vernetzung mat den Dokteren insgesamt a méi eng grouss Reaktivitéit. Ausserdeem wäre kleng Strukture méi einfach ze plangen, wéi e ganzt Spidol.
D'Hôpitaux Robert Schuman hu jo viru kuerzem op der Cloche d'Or eng sougenannt Antenn opgemaach. Dernieft ass de Gesondheetszentrum elo vun der Zitha Klinik vun der Gare op d'Cloche d'Or geplënnert. An de Spidolsgrupp huet och nei Projete fir deemnächst verschidden Operatiounen net der Klinick, mee am Gebai vum Shoppingzenter unzebidden.

© Pedro Venâncio - rtl.lu
De gesetzleche Kader feelt nach
Rezent hat och d’Gesondheetsministesch Martine Deprez déi ambulant HRS-Projeten RTL géintiwwer ernimmt. Allerdéngs feelt bis ewell de gesetzleche Kader heifir. Fir déi kleng Aen-Operatioune kéint dësen awer relativ séier an einfach ugepasst ginn, mengt den Dr Berna. "Mir hu jo lo e Kader geschaaft fir d’Radiologie, deen eis erlaabt dat ambulant ofzebilden. Ech mengen, datt ee sech op dee Kader baséiere kann, fir och aner sënnvoll Aktivitéiten ambulant ofzebilden. An ech erwaarde mer, datt mer fir déi Ännerungen déi néideg Ënnerstëtzung kréien."
Et wär ee mat alle bedeelegte Parteien am Gespréich. Hien hätt och ee gutt Gefill, datt een dat kéint hikréien, seet de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman. Hie warnt awer och: "Wann een dat mécht, muss een sech bewosst sinn, dass datt vläicht e bësse manner strikt reguléiert ass, wéi bis elo. A wann ech dat Element strikt Regulatioun eraushuelen, da muss ech op er anerer Säit - an dat huet d’Krankekeess bei der Radiologie lo scho ganz richteg gemaach - och d’Qualitéit vläicht nach méi erabréngen an déi Qualitéit nach besser iwwerwaachen.”
Och bei de Resultater, fir ze verhënneren, datt Agrëffer aus de falsche Grënn gemaach ginn. Wat d’Upassung vum Gesetz ugeet, dat Operatiounen um Beweegungsapparat baussent der Klinick soll erlaben, rechent de Spidolsdirekter mat e bësse méi Zäit, ëmmerhi wären dat scho méi grouss Agrëffer. Drop ugeschwat, ob den Drock, deen d'Dokteschassociatioun AMMD den Ament op d'Regierung mécht, dëse Projeten a Reforme Réckewand géing ginn oder éischter zu engem Blockage féiere kéint, weist den Dr Berna sech zouversiichtlech:
"Ech menge mir hunn hei all déi selwecht Besoine vum Patient am Bléck. Wa mer eis zesummen intelligent ustellen ënnerteneen, da kënne mer déi Saach wierklech beschleunegen."

© Pedro Venâncio - rtl.lu