Trotz Warnunge wéinst schlechtem Wieder sinn Eltere mat hirem Puppelchen op den 2.500 Meter héije Rysy geklommen. De Wee erof war awer net méi méiglech.

A Polen ass eng Koppel aus Litauen mat hirem néng Méint ale Bëbee bei Äis a Schnéi op den héchste Bierg geklommen an ass dobäi an Nout geroden. E polnesche Guide huet de Puppelchen a Sécherheet bruecht, wéi eng Rei polnesch Medie mellen. Och d'Eltere wiere sécher vum Sommet erofkomm.

D'Guiden an d'Secouristen hätten d'Koppel zwar viru schlechter Siicht, Schnéi a veräiste Weeër gewarnt, wéi de Guide Szymon Stoch dem Portal Tatromaniak erzielt huet. Ma d'Koppel wier bei hirem Plang bliwwen, op de knapp 2.500 Meter héije Sommet vum Bierg Rysy ze klammen. Dobäi hätten déi zwee net emol sougenannt "Steigeisen" dobäi gehat, mä nëmme liicht Spikes fir d'Schong.

Op Facebook zirkuléiert e Video, deen d'Mamm an de Papp weisen, déi de Bëbee viru sech gestréckt hunn. Op den Opname gesäit een, wéi d'Eltere sech mat Méi déi veräist Biergwand eropklammen.

Um Sommet ukomm, wier d'Koppel awer net méi erof komm. D'Elteren hätten aner Leit gefrot, hinnen hir "Steigeisen" ze léinen. Dës hätten awer aus Sécherheetsgrënn refuséiert. Wéi de Szymon Stoch der litauescher Koppel ugebueden huet, d'Bierg-Secouristen ze ruffen, hätte si ofgeleent: Si hätte keng entspriechend Versécherung.

Um Enn hätt de Stoch decidéiert, de Puppelche selwer op eng sécher Plaz ze bréngen. D'Eltere wieren dono eleng erof komm. Um Internet huet d'Verhale vun den Eltere fir Opreegung gesuergt. Ënnert anerem gouf gefuerdert, d'Familljegeriicht ze informéieren.