En Donneschdeg huet d'Police am Beräich vum Rond-point Schuman um Lampertsbierg an an der Stater Groussgaass kontrolléiert, an hat vill ze dinn.

Am Ganze goufe 16 Infraktioune constatéiert:

  • A sechs Fäll goufe Verbuetsschëlter net beuecht

  • Dräi weider Fuerer kruten e Pretekoll, well se ausserhalb vun den zoulässegen Zäiten an der Foussgängerzon ënnerwee waren

  • An zwee Fäll hu Chauffere musse bezuelen, well se wärend dem Fueren hire Smartphone benotzt hunn

  • Zwee Fuerer kruten eng Strof, well eng Säitefënsteren oder eng Glace net de Virschrëften entsprach huet

  • Bei engem Chauffer waren d'Pabeieren net an der Rei

Am Kader vun dëse Kontrolle goufen och siwen E-Scooteren iwwerpréift. Zwee goufen op Uerder vum Parquet confisquéiert, well se méi séier wéi mat den erlaabte 25km/h gemooss goufen. Och hei gouf jeeweils e Pretekoll geschriwwen.