Tëscht Angelduerf an dem Fridhaff
Ee schwéier an dräi liicht Blesséierter bei Accident tëscht zwee Autoen a Camion
© Domingos Oliveira / RTL
Géint 17 Auer en Donneschdeg den Owend koum et op der B7 tëscht Angelduerf an dem Fridhaff zu engem Accident tëscht zwee Autoen an engem Camion.
Wéi d'Police matdeelt, koum et éischten Informatiounen zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion, wouropshin den Auto an en aneren Auto gerannt ass. Beim Accident gouf eng Persoun schwéier an dräi liicht blesséiert.
De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht mat der Ermëttlung vun der Ursaach vum Accident beoptraagt.
D'Strooss gouf fir d'Auer vun den Opraumaarbechte gespaart.

©
Domingos Oliveira / RTL

©
Domingos Oliveira / RTL


Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies