Party um Donneschdeg: Luef a Kritik fir Soiréeë beim Infinity-Gebai
Déi eng empfannen et als frësche Wand, déi aner fannen de Feierowend-Treff ze haart. Wat huet et mam (neien) Afterwork um Kierchbierg op sech?
De Feierowend mat engem Patt bei Sonnenënnergang genéissen? Dat wäert an den nächste Wochen a Méint wuel éischter seelen de Fall sinn. Iwwert de Summer stoung dat fir vill Leit um Kierchbierg awer fest um Programm. An dat virun allem um Donneschdegowend. Do ass beim Shopping Center Infinity nämlech Happy Hour ugesot. Dat Ganzt ass zwar keen offiziellt Evenement, huet sech awer am Quartier, an der Stad an och ronderëm nawell rëmgeschwat.
"Mir si vun enger Dosen op Honnert an am Summer zum Deel souguer iwwer 1.000 Clientë bei eisem Afterwork gaangen", erkläert de Yannick Fersing, Manager vun enger vun de Baren am Infinity Village. Et wier eng Plaz, wou d'Leit sech treffen, fir gemittlech ee Patt ze drénken an esou den Donneschdegowend auskléngen ze loossen.
An de leschte Méint stounge fir dësen Afterwork esou vill Leit um Start, datt keng Plaz méi op den Terrasse war an d’Leit mat hirem Iessen a Gedrénks eriwwer bei d'Philharmonie gaange sinn a sech do op den Trapen néiergelooss hunn. Ma dës nei Dynamik am Quartier Kierchbierg gëtt awer net vu jidderengem d’selwecht begréisst. Et bréngt nämlech och eng Rei Problemer mat sech: Ënnert anerem méi Dréck a méi Kaméidi. Eng Situatioun, déi vun der Police, der Stad Lëtzebuerg an dem Fonds Kirchberg streng ënner d'Lupp geholl gouf.















