• De PLUS

    • Exklusivitéit
    • Fuerverhalen a Leeschtung
    • Carbon wou d'An hikuckt
    • Trotz Supersportler net onconfortabel
  • De MINUS

    • Präis
    • Et däerf een net schei sinn, well jidderee mécht Fotoen
    • De System mat den Dieren huet eng Partie Nodeeler beim Parken z.B.

Just 914 Exemplairë gi gebaut an zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell nach keen. D'Stroosseversioun vum Maserati MC20 GT2 ass definitiv eng speziell Fuermaschinn.

Am Automag gëtt et dës Kéier ganz exklusiv... den Andy Brücker hat kuerzfristeg d’Geleeënheet kritt e ganz besonneschen Auto ze testen, deen och bei him fir schweesseg Hänn gesuergt huet. D’Maschinn huet en Dräizack um Capot a kënnt aus Italien. 

Automag - Maserati GT2 Stradale

Fir déi, déi sech mat den Autoslogoen net esou auskennen, den Dräizack ass d’Symbol vu Maserati. Et steet fir den Neptun, de réimesche Gott vum Mier. Maserati ass an der italieenescher Stad Bologna doheem, an do steet eng berüümte Statue vum Neptun. Den Dräizack symboliséiert Muecht, Dynamik an d’Kontroll iwwer d’Elementer – passend fir eng Luxusautomark, déi Performance mat Stil verbënnt. DeLogo gouf vum Mario Maserati, engem vun de Bridder, entworf. Hie war Kënschtler, wärend seng Bridder Ingenieure waren. De Logo ass zanter den 1920er Joren en zentraalt Element vun der Identitéit vu Maserati.

RTL

© Andy Brücker

Maserati ass fir vill Leit zwar eng Mark déi ee kennt, ma wierklech Anung wat déi u Modeller hunn, wëssen déi mannst. Ma dass se sportlech Autoen hunn, dierft jidderengem bekannt sinn.

A genee sou ee sportlechen Auto konnts du och testen, respektiv beweegen. An et war e ganz besonnesche Modell. 

Absolutt, well ech muss zouginn, wou ech den Uruff kritt hunn, dass ech den Auto ka probéieren, hunn ech den Dr. Google musse froen, wat dat fir en Auto ass. E lauschtert op de rasseschen Numm “GT2 Stradale”, an dee war mir bis dohinner nach net ënnerkomm.

RTL

© Henri Schwirtz

Wann ech schonn “GT2” héieren, verbannen ech dat automatesch mat Rennsport. “Stradale” steet fir “Stroosseversioun”. Deemno hu mer eng eng Rennmaschinn mat Stroossenzouloossung, baséierend op dem Modell MC20, deen am Joer 2020 zu Modena presentéiert gouf. 2023 gouf d'GT2-Versioun virgestallt a war dann och vun Ufank un an der Fanatec GT2 European Series richteg gutt ënnerwee. Si konnten an der éischter Course direkt op Pole Position fueren. An der Saison 2024 hu se net manner wéi 16 Pole Positions feiere kënnen, 12 Victoiren, grad ewéi Titele fir Team a Piloten.

Fir dëse grandiose Comeback vun der Mark Maserati am Rennsport ze feieren, gouf decidéiert eng limitéiert Versioun vum MC20 GT2 als Stroosseversioun erauszebréngen.

RTL

© Henri Schwirtz

E puer Zuelen a Fakten

Fänke mer bei der Exklusivitéit un. Et ass wéi gesot eng limitéiert Versioun, déi just 914 mol gebaut gëtt. Am Auto selwer fënnt een dann och eng Plackett wou drop steet " 1 of 914", woubäi d'1 an d'914 giel geschriwwe sinn, a sou dann d'Zuel 1914 erginn, d'Grënnungsjoer vun der Mark Maserati.

RTL

© Andy Brücker

Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell nach keen, deemno hunn ech immens vill Blécker op mech gezunn, déi kuerz Zäit, wou ech den Auto konnt beweegen hei am Land beweegen.Och d'Faarf huet dozou bäigedroen. Déi lauschtert op den Numm "Digital Aurora Matte". Et ass eng Zort blo-mof, déi jee no Bléckwénkel d'Faarf ännert, respektiv deemno op d'Sonn drop schéint oder net. Dat ganzt dann och nach ganz am matten, wat et nach emol méi speziell mécht.

RTL

Den Auto stoung seelen enzwouch, ouni dass net ee laanscht gaangen ass an eng Foto gemaach huet. / © Andy Brücker

D’Häerz vum GT2 Stradale ass den “Nettuno”, een 3 Liter V6 Twinturbo als Mëttelmotor, dee just déi hënnescht Achs undreift. Hei suerge 640 PS a 720 Newtonmeter dofir, dass de Sprint vun 0 op 100 a just 2,8 Sekonne geschitt. Schluss ass bei 324 km/h. Well d’Basis vum Auto aus dem Motorsport kënnt, ass immens vill Carbon verbaut, wat och dat niddregt Gewiicht vun nëmmen 1.365kg erkläert.

RTL

© Andy Brücker

Interieur an Alldagstauglechkeet

Den Interieur bleift sportlech reduzéiert a funktionell, mat engem Fokus op de Chauffer. Alles dréit sech ëm d’Kontroll an d’Verbindung tëscht Mënsch an Maschinn. Ech hat risege Respekt, a fir éierlech ze sinn och e bëssen Angscht, wou ech den Auto siche war an éischt Meter domadder gefuer sinn.

Virum Fortfueren heescht et awer emol eraklammen, an eleng dat ass schonn en Erliefnis. D'Diere ginn nämlech net säitlech op, mä no uewen. Dat suergt scho mol fir e gewëssenen Optrëtt, wann de Look vum Auto eleng nach net duergeet. Do muss een allerdéngs oppassen, well et brauch een eng gewësse Plaz fir d'Dieren... souwuel säitlech wéi och no uewen, soss ginn et gutt a gär mol deier Téitschen. Et riskéiert een och net méi a säin Auto ze kommen, deemno wéi no eng Persoun nieft Iech parkt.

RTL

© Chris Schagen

Am Banneraum begréissen ee futuristesch Sëtzschuelen aus Carbon, mat just enger Partie Pads, do wou een a Kontakt mam Sëtz kënnt. Et gesäit onbequeem aus, ass et awer tatsächlech net. Et fillt ee sech wéi an engem richtege Courseauto.

RTL

© Henri Schwirtz

Alcantara a Carbon, egal wou een hikuckt. Souguer d'Steierrad ass aus Carbon. Riets an der Mëttelkonsol zwee Knäppercher fir Drive/Manuell, respektiv de Réckgang, an e groussen Dréiknapp fir tëscht den diverse Fuermodi WET, GT, SPORT oder CORSA ze wiesselen. Woubäi een am CORSA, also am Coursemodus nach ënnerschiddlech Ënner-Modi astelle kann, mat verschiddene Levele vun Traktiounskontroll, ABS, Spärdifferential a Stabilitéitsprogramm. Fir dat alles ze testen, hätt ee mussen op eng Rennstreck, woufir ech leider keng Geleeënheet hat.

Meng éischt Meter waren dann och gaaaanz virsiichteg. Zu Bartreng beim Garage fort op d'Haaptstrooss... bestëmmt 5 mol no lénks a riets gekuckt, ob kee kënnt. Beim éischte Bremsmanöver bei ganz niddreger Vitess liicht erféiert. Et si Carbonbremse verbaut, natierlech, wéi kéint et anescht si bei engem Courseauto fir d'Strooss. Déi brauchen allerdéngs Temperatur, bis se richteg funktionéieren.

RTL

© Andy Brücker

Den Auto ass sech allerdéngs alles anescht wéi ruppeg gefuer, wat een hätt kënne bei sou engem Supersportler fäerten. Am Géigendeel... d’Boite ass am normale Fuermodus immens alldagstauglech an den Auto ass och net ze stramm gefiedert. Deemno kritt een dach erstaunlech séier Vertrauen an den Auto. Geschalt gëtt iwwregens iwwert eng 8-Gang-Doppelkupplung, déi ganz douce d'Gäng aleeë kann.... oder awer mat Vehemenz, wann een de Modus wiesselt a sou richteg Gas wëll ginn. D'Schaltwippen hannert dem Steierrad sinn natierlech och nees aus Carbon... wéi kéint et anescht sinn.

RTL

© Andy Brücker

Wann ee bis op der Landstrooss ënnerwee ass, d’Pneue liicht Temperatur hunn, da kritt een e liichten Avant-Gout vun deem, wat deen Auto performe kann. Am normale Stroosseverkéier ass et net legal méiglech, d’Potenzial auszereizen! Ech kann iech awer versécheren, wann een duerchbeschleunegt, an am drëtten oder véierte Gang d'Rieder nach duerchdréinen, dann ass een definitiv waakreg. Ma wat ee méi domadder fiert, wat engem méi bewosst gëtt, wéi einfach a präzis e sech beweege léisst. Kloer huet e vill ze vill Leeschtung fir einfach sou iwwer Land ze fueren, an awer mécht et enorme Spaass. Och d'Aerodynamik ass beim GT2 Stradale am Verglach mam MC20 massiv verbessert ginn. Ganzer 500kg Upressdrock kënnen esou generéiert ginn, wouduerch Vitessen an de Kéiere méiglech sinn, déi impressionant sinn.

RTL

© Henri Schwirtz

Leider hat ech den Auto just kuerz Zäit, et huet deels gereent, an ech hunn nach e bëssen Zäit fir e klengen Tournage investéiert, dat um Karting-Circuit vum ACL zu Monnerech, wou folgend Biller entstane sinn.

Ech hat deen een oder anere vu Famill, Frënn oder Aarbechtskolleegen invitéiert bis en Tour matzefueren. Si waren alleguer begeeschtert an haten e Grinsen am Gesiicht, respektiv wollte se net méi erausklammen. Ech muss zouginn, ech hätt mech dru kënne gewinne mam GT2 Stradale duerch d'Géigend ze fueren. Fir eng seriö Ausso iwwert de Verbrauch ze maachen, waren déi knapp 440km déi ech gefuer sinn, ze onseriö vum Fuerstil hier. Hei stoungen um Enn 19,2 Liter op 100km um Tacho. Ma ech si mer sécher, dass ee sech bei tëscht 12 a 14 Liter kéint apendelen, wann een net x Leit mathëlt, fir hinnen ze weisen, wat deen Auto sou drop huet.

Sou vill Sportlechkeet an Exklusivitéit huet och hire Präis

An och do krut ech schweesseg Hänn, wou ech d’Präislëscht bis kritt hunn. Lass geet et bei knapp 300.000 Euro fir de Basismodell GT2 Stradale. Eleng domadder spillt ee jo schonn an enger Liga, déi just wéineg Leit sech leeschte kënnen.

Ma Maserati huet sech geduecht, komm fir d’Kolleege vun der Press defouléiere mer eis emol am Optiounskatalog.

Matte Lack fir 22.000 Euro, ronn 40.000 Euro fir Matte Carbon fir d’Ubaudeeler wéi Spoiler, Capot, Daach asw....bal 15.000 Euro fir Felgen, 9.000 Euro fir Carbon am Interieur... fir just déi Saachen ze nennen.

RTL

© Andy Brücker

Ënnert dem Stréch stoungen um Enn 443.778,79 Euro! Dat ass definitiv den deiersten Auto, deen ech bis elo beweegen duerft. An et war en Erliefnis vun der éischter bis leschter Sekonn!

RTL

© Henri Schwirtz

Een deen dat néidegt Klenggeld um Kont huet, sech en exklusive Supersportler wëll zouleeën, bei deem en net op den néidege Confort op laange Strecke verzichte wëll, mat deem e kann op de Circuit fueren an do och nach puer impressionant Zäiten an den Asphalt brennen, dee sollt sech Zäit huelen och mol bei Maserati luussen ze goen. Vläicht hat een de GT2 Stradale net um Radar...