Wéi d'Supermarchéschaîne matdeelt, wier um Emballage de falschen Oflafdatum ofgebillt.

Op der Verpackung steet nämlech, se kéinte bis den 18. Dezember consomméiert ginn, richteg ass allerdéngs de 6. November. De Produit gouf tëschent dem 18. an dem 23. Oktober am Delhaize verkaf. Wien en an deem Zäitraum kaf huet, kann en zeréck an d'Geschäft droen a rembourséiert ginn.

Fir weider Informatioune steet de Service client vum Delhaize per Telefon zur Verfügung, dat ënnert der Nummer +32 2 884 14 68.