Nom Doud vum Jeannot BellingDe Mars di Bartolomeo mat engem Noruff an der Chamber

E Mëttwoch de Moien ass et déi traureg Nouvelle, dass de laangjärege Buergermeeschter vu Réimech, Jeannot Belling gestuerwen ass.

© RTL Archivfoto

Den DP-Politiker ass 1981 an de Gemengerot zu Réimech gewielt ginn a stoung vun 1997 bis 2009 un der Spëtzt vun der Réimecher Gemeng a souz eng Legislaturperiod fir déi Liberal an der Chamber. Zanter 2014 war de fréieren DP-Politiker Nationalpresident vun der Amiperas. E Posten fir deen ee sech souguer nach emol fir eng neit Mandat opgesat hat.

Um Internetsite vun der DP ass et dësen Trauermessage:

D’DP trauert em hire Frënd Jeannot Belling, deen am Alter vu 65 Joer gestuerwen ass.

De Jeannot wor vun 1997 bis 2009 Buergermeeschter vu Réimech. 

Vun 1999 bis 2004 wor hien DP-Deputéierte fir de Bezierk Osten. 

Während senge Joren an der Chamber huet de gebiertege Fëschmaarter sech vill fir de Bezierk Osten a fir Réimech agesaat. Awer och fir seng Aarbechtskollege vun der Douane.

De Verstuerwenen huet sech zënter 2014 als Nationalpresident vun der Amiperas ëm d’Uleies vun den eelere Leit hei am Land beméit.

A senger Jugend wor de Jeannot Belling en aussergewéinlech gudde Schwëmmer

Mir behalen de Jeannot an Erënnerung als joviale Frënd an als Politiker, deem d’Wuel vun der Allgemengheet a vu sengem Réimech um Häerz louch.

D’DP seet der Famill vum Jeannot Belling hiert opriichtegt Bäileed.

Chamber

Um Ufank vun der Chamberssëtzung en Donneschdeg de Mëtteg ass un de Jeannot Belling erënnert ginn.
E Noruff vum Mars di Bartolomeo.

Noruff fir de Jeannot Belling vum Mars di Bartolomeo




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.