Kuerz nom Accident en Dënschdeg war d'Meldung komm, datt de Familljenhond, dee mat am Auto war, vermësst géif ginn.

Et war ee vun de méi schwéieren Accidenter aus der jonker Vergaangenheet an der Groussregioun. Op der B51 tëscht Tréier a Bitburg hate sech e Camion an en Auto frontal ze pake kritt. Déi dräi Persounen, déi am Auto souzen, wéi och de Camionschauffer sollten dësen Accident net iwwerliewen.

Am Laf vun der Enquête koum dann och nach en Opruff vun der Police, well den Hond Balou, dee bei der Famill am Auto souz, net fonnt konnt ginn. Dësen Opruff huet richteg séier den Tour gemaach a gouf vu ville Medien opgegraff an an de soziale Medie gedeelt. D'Police hat awer kuerz nom Opruff scho gewarnt, datt vill Fakenews am Ëmlaf wieren, wou behaapt gouf, datt de Balou fonnt gi wier.

E Freideg an der Mëttesstonn dunn huet d'Police vun Tréier iwwer hire WhatsApp-Kanal dunn déi traureg Neiegkeet matgedeelt, datt d'Spueresécherung de Balou am Auto konnt fannen. D'Déier hätt an engem Deel vum Won geleeën, deen net zougänglech war an et just mat spezialem Gerät opgemaach konnt ginn. De Familljenhond huet net méi gelieft.